"Bird Box", "In my Feelings"... wat u sech als Spill ugefaangen huet, kann heiansdo dramatesch Konsequenzen hunn. D'Plattform wëll elo duerchgräifen.

YouTube huet de 15. Januar decidéiert, seng Reegelen unzepassen, fir besser géint Videoe reagéieren ze kënnen, déi d'Leit dozou motivéieren, geféierlech Aktiounen duerchzeféieren. Hei sinn déi sougenannten "Challengen" kloer gemengt, déi dacks um Web zirkuléieren.

D'Plattform hat schonn Inhalter verbueden, déi den Opruff zu Gewalttätegkeet oder geféierlechen Aktivitéiten ënnerstëtzen. Esou "Witzer" oder "Spiller" sinn hei och viséiert. Vun elo u kréien d'Challengen ee speziellen Deel am Reglement vum Video-Ris, deen zanter 2006 zu Google gehéiert.

Am "Fire Challenge" sollen d'Leit sech mat Brennstoff besprëtzen, fir et virun der Kamera unzefänken. Am "Tide Pod Challenge" goufe Wäschpolver-Kapselen geschléckt. Fir "dobäi" ze sinn, fir seng Kollegen an de ganzen Internet ze beandrocken a gläichzäiteg seng eege Gesondheet op d'Spill ze setzten.

Méi rezent huet d'Netflix-Produktioun "Bird Box" hiren Challenge och kritt: hei soll een etlech Aktivitéite mat verbonnenen Aen duerchféieren, genau wéi d'Personnage vum Film. Eng Iddi déi absolut net sécher ass an och dacks zu geféierleche Situatioun féiere kann.

"Ganz vill Witzer oder populär Spiller ginn op YouTube eropgelueden, allerdéngs musse mir sécher sinn, dass wat witzeg ass, net ze wäit geet a geféierlech gëtt" huet d'Plattform dës Woch um offizielle Forum YouTube Help matgedeelt. Dës Säit ass virun Allem fir déi Leit geduecht déi Contenu produzéieren. "Mir wëlle kloer sinn, dass vun elo un Challenge verbuede ginn, déi geféierlech oder esouguer déidlech kënne sinn. Videoen an deenen eng extrem geféierlech Situatioun gewise gëtt, oder déi Kanner traumatiséiere kënnen, sollen net op YouTube ze fanne sinn", esou nach d'Plattform, déi de Createuren eng Zäit vun 2 Méint gëtt, fir sech unzepassen.