OneWeb schéckt éischt Satellitten den 19. Februar erop

© afp
Internet dohinner ze bréngen, wou bis elo keng Verbindung méiglech war, dat ass d'Zil vun dësem Projet, dee geschwë Realitéit gëtt.
Zanter ronn engem Joer gëtt de Lancement vun den éischte Satellitten erwaart. D'OneWeb Konstellatioun wäert endlech den 19. Februar geschéien. Greg Wyler, de Grënner vum Projet, huet et op Twitter annoncéiert:
Bis elo ass et nach net kloer wéi vill Satellitten an de Weltall fir dëse Projet geschéckt ginn. Déi éischt Simulatiounen haten der 900 virgesinn, mä dës Zuel kéint duerch nei Tester a Rechnunge staark reduzéiert ginn. D'Ofdeckung schéngt besser ze funktionéieren wéi erwaart an esou kéint déi ganz Flott ëm een Drëttel gekierzt ginn.
Fir unzefänke ginn den 19. Februar manner wéi 10 Stécker an de Weltall geschéckt. Dat Ganzt geschitt an Zesummenaarbecht mat Arianespace an der franséischer Guyana. Een zweete Start kéint am November organiséiert ginn. D'Satellitte kéinten och an Zukunft vu Baikonur oder Vostotchny aus lancéiert ginn.
D'Konkurrenz vum Elon Musk mat SpaceX, déi een ähnleche Projet virgestallt hat, huet nach ëmmer vir, 12.000 Satellitten an de Weltall ze schécken.