Den 20. Februar gëtt den neie Samsung Galaxy S10 presentéiert. Elo scho sinn éischt Fotoen opgedaucht, déi e klenge Virgeschmaach erméiglechen.

Éier sou en neien Handy presentéiert gëtt, ginn et ëmmer eng Partie Leak-Spezialisten, déi probéiere sou vill wéi méiglech iwwert déi nei Apparater gewuer ze ginn, am beschten och mat Fotomaterial.
Dat ass de Leit vun "All About Samsung" dann och gelongen. Op hirem Internetsite fënnt een e sëlleche Fotoe vum neie Modell.

Do ass ze erkennen, dass de schmuele schwaarze Rand bestoe bleift, och d'Lach uewe riets fir d'Kamera bleift wéi gewinnt, an 3 horizontal ugeuerdent Kameralënsen op der Récksäit.

Wat Musekfans dierft freeën, et gesäit esou aus, wéi wa Samsung och weiderhin en Mini-Jack-Uschloss géif verbauen, fir d'Kopfhörer unzeschléissen. Op de Fotoe gesäit een dann och, dass béid S10-Modeller donieft och nach de Lautsprecher ënnen op der selwechter Plaz behalen, grad wéi en USB-C Uschloss.

Den 20. Februar ass wéi gesot den "Unpacked-Event" wou Samsung den S10 an den S10+ presentéiert, a weider Features erkläre wäert. Um Mobile World Congress zu Barcelona wäert den Handy dann ze gesi sinn an am Mäerz soll en dann an de Verkaf kommen.