A leschter Zäit gouf dacks iwwer eisen ekonomesche Modell geschwat, dofir wëll ech eise Fonctionnement hei kloer erklären, esou de Facebook-Chef.

En Donneschden huet de Milliardär an enger Tribün nees probéiert ze erklären, dass de soziale Reseau déi perséinlech Informatioune vun de User net u Partner verkeeft. Den Text gouf am Wall Street Journal, souwéi an etlechen europäeschen Zeitunge publizéiert.

Dës Kéier erkläert de CEO vu Facebook, dass eleng d'Publicitéit fir d'Finanzéierung vum Service zoustänneg ass. Dat ass déi eenzeg Méiglechkeet, fir dat Ganzt iwwerhaapt gratis ubidden ze kënnen.

Verschidden Donnéeë vun de Leit gi gesammelt, fir dass Publicitéit geziilt kann agesat ginn. "D'Leit soen eis, dass se averstane mat Reklamm sinn, awer déi Annoncë mussen och passen", esou den Zuckerberg, "dofir musse mir (bei Facebook) d'Leit e Minimum kennen".

Am Géigendeel zu deem wat dacks gesot gëtt, verkeeft Facebook déi perséinlech Informatioune vun de Leit net, esou de Chef vum nach gréisste soziale Reseau op der Welt. Eng Kritik déi reegelméisseg zréckkomm ass, virun allem nom Cambridge Analytica Skandal, wou ganz vill Informatiounen iwwer d'Memberen vum Reseau gesammelt goufen, ouni dass déi betraffe Leit driwwer informéiert goufen.

Facebook liwwert selwer keng Donnéeën u Publicitéit-Firmen oder aner Partner. De soziale Reseau facturéiert den Accès u User duerch perséinlech Informatiounen, déi vum Reseau gesammelt a gehale ginn. Hei gëtt, dem Mark Zuckerberg no, kee kommerzielle Handel vun der Privatsphär vun den 2,3 Milliarden Useren proposéiert.