Keng rout Luuchten a kee Parkingsproblem méi mat Hëllef vun autonomen Autoen
Déi amerikanesch Autosmark mécht ëmmer méi Tester, fir d'Avantagen vun hirem autonomen Auto ze beweisen.
All Mënsch wëll se: eng Zukunft, an där Autosaccidenter net méi zum Alldag géife gehéieren. Wéi déi verschidde Constructeuren dat verkafen, gëtt den autonomen Auto méi sécher wéi mat engem mënschleche Chauffeur. Dofir ginn et an dëser Zukunft kee Stoppschëld oder rout Luucht op enger Kräizung méi.
Eng Kommunikatiounsplattform an een direkte Wiessel vun Informatiounen reegelen den Trafic an Algorithmen decidéieren, wien als éischt fueren däerf.
Esou e Protokoll, fir mateneen ze kommunizéieren gëtt et scho méi laang, an zwar den "V2V" (vehicle 2 vehicle), wat esouvill heescht wéi d'Sprooch, déi d'Autoe benotzen fir mateneen an ënnerteneen ze funktionéieren. Mëttlerweil benotze verschidde Marke schonn den "C-V2X" (Cellular vehicle-to-everything), wou d'Autoen mam ganze Rescht ronderëm kommunizéiere kënnen.
Ford huet decidéiert nach méi wäit ze goen an eng nei Technologie anzesetzen, den "IPM" (Intersection Priority Management), fir esou d'Reiefolleg vun den Autoen an enger Kräizung ze verwalten. Hei soll den Trafic däitlech fluidifiéiert ginn, well wann alles klappt, keen Auto méi brauch stoenzebleiwen. All Gefier gëtt vu Wäitem unerkannt an esou kann d'Situatioun (mat der Vitess zum Beispill) ugepasst ginn. Hautdesdaags geschéie nach 60% vun den Accidenter an der Géigend vun enger Kräizung.
Doriwwer eraus kann eng Kéier och bestëmmt all Auto eleng eng Parkplaz fannen, wann all fräie Parking vun der Welt permanent vun aneren Autoen erfaasst gëtt oder wann d'Parkhaiser hir Donnéeën mat den Autoen deelen.
An den USA goufen mat Partner wéi Domino's oder WallMart Tester duerchgefouert, fir hir Ford-Autoe bei Liwwerungen anzesetzen. Esou goufen eng 1.000 Pizzaen oder aner Bestellungen bis elo erfollegräich geliwwert.