De Chef vu Facebook huet seng Entwéckler perséinlech beoptraagt, fir déi 3 Systemer mateneen ze verbannen.

De Mark Zuckerberg huet de Projet selwer lancéiert an ënnerstëtzt. Interaktiounen tëscht den 3 Chat-Servicer déi zu Facebook gehéieren, sollen esou séier wéi méiglech geschéien. Am Moment kann een net tëscht deenen 3 Plattformen kommunizéieren.

Den technesche Chantier ass riseg a beschäftegt schonn e puer Dausend Employéeën, esou den New York Times. Eng konkret Léisung soll net bis virum Schluss vum Joer fonnt ginn, et kéint och bis Ufank 2020 daueren. All App ass aneschters a funktionéiert net nom selwechte Prinzip. Zum Beispill wëll de Facebook-Chef, dass d'Codéierung vun de Messagen automatesch a generaliséiert gëtt, wat bis elo nëmme bei WhatsApp de Fall ass.

Een anere Problem ass d'Identifizéierung vun de Konten: op Messenger bréicht ee schonn de richtegen Numm vum User (oder deen deen op Facebook benotzt gëtt), WhatsApp benotzt eng Telefonsnummer an op Instagram Direct kann ee sech mat egal wéi engem Usernumm umellen. Hei läit ee vun den groussen Challenge vun der Fusioun.

D'Zil ass hei all d'Usere vun den 3 Appen dozou ze bréngen, sech an enger Welt ze beweegen, wou Facebook am Zentrum ass. Milliarden Dollar goufe fir WhatsApp an Instagram investéiert, déi meescht Revenuen ginn nach duerch de gréisste soziale Reseau generéiert. Vu dass déi respektiv Grënner vun den 2 Appen gekënnegt hunn, kann de Facebook-Chef d'Kontroll iwwer seng Akeef iwwerhuelen.

Dës Aktioun kann och fir Facebook juristesch geféierlech ginn. Virun 2 Joer hat d'EU-Kommissioun Facebook zu enger Geldstrof vun 110 Milliounen Euro veruerteelt, well se d'Donnéeë vu WhatsApp a Facebook 2016 matenee vermëscht haten. 2014 hat de soziale Reseau der EU-Kommissioun verséchert, dass et onméiglech wier, an dass esou eppes ni geschéie géif.