Nei Sammlunge vu geklaute Passwierder sinn nees um Internet ënnerwee. Kontrolléiert hei, ob ären eegene Kont piratéiert gouf.

No der Passwuert-Sammlung "Collection#1" sinn elo mëttlerweil och méi rezent Sammlunge vun #2 bis #5 opgedaucht. Eise Kollegen vun heise.de no, wiere se am Ganzen iwwer 600GByte grouss an et wieren net nëmmen nei Informatiounen dran ze fannen. Dat heescht méi al Hacks goufen och mat abezunn.

Ronn 2,2 Milliarden E-Mail-Adressen an d'Passwierder déi dozou gehéieren sinn an de 5 Sammlungen publizéiert ginn, esou den Hasso-Plattner-Institut, deen eng online Léisung proposéiert fir erauszefannen, ob seng eegen Adress betraff ass oder net.

Mam Identity Leak Checker kann ee ganz einfach seng Email aginn an e puer Sekonne méi spéit kritt een d'Äntwert op déi nämmlecht Adress geschéckt. Et fënnt een eraus, op wéi enger Plattform d'Donnéeë méiglecherweis geklaut goufen, an och wéi wäit dass d'Hackeren Informatiounen wéi Gebuertsdatum, Numm, Virnumm oder och nach Telefonsnummer an Adress erausgefiltert hunn.

RTL

© HPI

D'Publikatioun vun den Donnéeën huet bei ville Leit scho fir Opreegung gesuergt. Eleng an den leschten 3 Wochen hu méi wéi 1,5 Millioune User de Service vum Hasso-Plattner-Institut benotzt an hir Daten iwwerpréiwe gelooss.

Et gëtt nees geroden, säi Passwuert reegelméisseg ze änneren a virun Allem och, fir all Säit oder all online-Service en anert Passwuert ze benotzen.