Kënschtlech Intelligenz beaflosst eist Behuelen, net ëmmer am gudde Sënn

© HeikoAL
Wann ee permanent am Gaangen ass, mat Maschinnen ze schwätzen, kann eis Manéier, fir mateneen ze kommunizéieren, och aneschters ginn, dacks méi aggressiv.
Amerikanesch Soziologe vum MIT, also dem Massachusetts Institute of Technology, mierken ëmmer méi, dass verschidde Leit d'Tendenz hunn, méi aggressiv ze ginn, wa se mat enger kënschtlecher Intelligenz schwätzen (Echo vu Google, Alexa vun Amazon, asw.), well se hei ee Befeel ginn.
Net e Wuert vergiess?
Héiflechkeete wéi "Moien" oder "Merci" ginn hei total vergiess. D'Fuerscher fäerten, dass dës Gewunnechten e schlechten Afloss op eist alldeeglecht Liewen hunn. U sech eng logesch Entwécklung, wéi een dat scho mam Language zum Schluss vun engem Bréif oder enger E-Mail erlieft huet. Deemools huet een nach méi laang Sätz als héifleche Schluss gebraucht, hautdesdaags gi Formele wéi "léif Gréiss" oder esouguer heiansdo nach méi kuerz "lG" benotzt.
Een anert Beispill fir d'Entwécklung vun eiser Kommunikatioun ass d'SMS-Sprooch, wou och alles gekierzt gëtt a wou mëttlerweil Emojie benotzt ginn, fir säin Zoustand, seng Gefiller oder seng Gedanken auszedrécken. Hei gi Feeler absolut net méi an Uecht geholl, esoulaang de Message duerchkënnt.
Fir ee radikale Wiessel ze vermeiden, goufen Amazon oder Google gebieden, hir Apparater ëmzeprogramméieren, fir dass Kanner zum Beispill nees d'Basics vun der Héiflechkeet léiere kënnen. Wann esou Assistente benotzt ginn, reagéieren se eréischt, wann de User, jonk oder al, "Merci" seet.
Maschinne si keng Mënschen
Eng Ännerung, déi fir Spezialisten net onbedéngt déi richteg ass, et sollt ee Maschinn a Mënsch net verwiesselen. Et géif ee jo och net dem Lift "merci" soen, wann deen een op de richtege Stack bruecht huet. Et soll een zum Beispill de Kanner net bäibréngen, dass d'Maschinnen esou denke wéi mir, dass se e Gewëssen hunn oder dass se net follege kënnen. Dat wier "dramatesch", esou Sozialpedagogen, déi d'Relatioun tëscht Kanner an der Technologie méi grëndlech analyséiert hunn.