Beim kalifornesche Ris war de Problem scho méi laang gewosst, dofir ginn et e puer Beweiser. Allerdéngs gouf näischt dogéint ënnerholl.

Et ass anscheinend méiglech, duerch e Gruppe-FaceTime Leit ofzelauschteren, ouni dass si den Uruff akzeptéiert hunn. Nach méi schlëmm: Duerch eng physesch Manipulatioun vum Apparat konnt souguer d'Kamera aktivéiert ginn.

Zanter 3 Méint wier dëse Problem bekannt an zanterhier huet Apple net vill driwwer kommunizéiert, well et eng ganz schlëmm Gefor fir d'Privatsphär an d'Sécherheet vun den Useren duerstellt.

Eng Woch virun der Verëffentlechung vum Bug war d'Mamm vun engem jonken Utilisateur a Kontakt mat Apple, fir hinnen dat matzedeelen. Déi kalifornesch Mark huet awer bis elo net vill ënnerholl fir de Problem ze léisen.

Doropshi gouf si dozou opgefuerdert, en "Entwéckler"-Kont opzemaachen, fir de Problem ze mellen. Wat si schlussendlech och gemaach huet an der Hoffnung, eng Belounung fir hire Bouf ze kréien. Ob Apple esou reagéiert huet, weess bis elo keen.

D'Mamm huet duerno all d'Dokumenter publizéiert, déi Apple vun hir kritt huet, fir ze beweisen, dass si d'Situatioun ganz eescht hëlt, am Géigesaz zu Apple, wou ee vill ze laang gebraucht huet fir ze reagéieren. D'Fra gouf als éischt bal ignoréiert an duerno an e Service geschéckt, deen net onbedéngt ubruecht war.

Wat wier geschitt, wann d'Press net d'Geschicht opgegraff hätt? Apple huet an deem heite Fall eng wichteg Warnung ignoréiert a gläichzäiteg all déi aner Useren a Gefor gesat, well net vill ënnerholl gouf.

Déi Serveuren, déi esou Gruppen-Uriff verwalten, goufe bis op Weideres desaktivéiert, bis dass e richtegen Update vum iOS geschéckt gëtt.

Et hofft ee mëttlerweil op eng Äntwert an eng Erklärung vun Apple, d'Entreprise ass elo forcéiert, sech ze äusseren, vu dass verschidde Leit wéinst dësem Problem schonn eng Plainte agereecht hunn.