2018 war kee gutt Joer fir de Smartphone

© StockSnap
De weltwäite Marché vum Smartphone huet 2018 seng gréisste Baisse erlieft an 2019 gesäit net besser aus, esou nei Zuelen.
Lescht Joer goufen 1,4 Milliard Apparater verkaf, dat si 4,1% manner esou de Büro IDC deen der Meenung ass, dass et dëst Joer nach wäert weider erofgoen. Den Analyst Ryan Reith präziséiert, dass "de weltwäite Marché vum Smartphone am Moment hänkt".
2018 goufen et net vill positiv Aspekter, mat e puer Ausname wéi Indien, Indonesien, Südkorea oder Vietnam, wou e staarke Wuesstem gemellt gouf. Allerdéngs net genuch fir d'Pertë vum Recht vun der Welt auszegläichen.
Senger Meenung no ass de Maart am Moment zimlech roueg, well d'Leit einfach manner dacks hire Smartphone wiesselen, well se ze deier gi sinn. Politesch a wirtschaftlech Onsécherheeten ergänzen déi problematesch Situatioun nach weider.
De chinesesche Maart, deen 30% vun de Venten duerstellt, huet eng däitlech Baisse vun 10% erlieft, esou IDC. Obwuel d'Ventë vu Samsung ëm 8% erofgaange sinn, bleift de südkoreaneschen Hirsteller Leader op der Welt mat 20,8% vum Marché.
An der Course huet Apple seng 2. Plaz virun Huawei zréckeruewert. De kalifornesche Ris kënnt op 14,9% a säi chinesesche Konkurrent op 14,7%.
Counterpoint, een aneren Analyse-Büro, huet och eng Baisse vu 7% am leschten Trimester a 4% fir d'ganzt Joer beobacht. Déi nei Marchéë waren net staark genuch fir déi katastrophal chinesesch Situatioun ze retten, esou d'Firma.
Apple huet zum Beispill verschidde Resultater dës Woch publizéiert an et mierkt een, dass d'Ventë vum iPhone däitlech zréckgaange sinn. Dat Nämmlecht gëllt fir Samsung, de südkoreaneschen Netto-Benefice vum leschten Trimester ass radikal gefall.
D'Spezialisten denken, dass et nach op d'mannst dëst Joer esou wäert weidergoen, wa sech näischt um Marché ännert. Wier eng Baisse vun de Smartphone-Präisser eng realistesch Zukunftsvisioun?