Lëtzebuerg ganz gutt beim "Paris Fintech Forum" vertrueden

© MFIN
Dës Woch war de Finanzminister Pierre Gramegna mat Acteure vun der Fintech zu Paräis, fir eist Land do ze representéieren.
30 jonk Talenter oder Firmen aus der finanzieller Technologie waren och an der franséischer Haaptstad präsent fir hir neisten Innovatioune virzestellen, awer och fir mat europäesche Partner ze diskutéieren. Koosmik, eng FinTech, déi hei aus dem Land kënnt, huet den "Special Jury Award" zu Paräis fir hir Inklusiv-Finanz gewonnen.
Déi meescht Acteure sinn am Luxembourg House of Financial Technologies (LHoFT) installéiert, enger Struktur, déi an de leschte Joren eng wichteg Ënnerstëtzung fir de Secteur war an och an Zukunft bleiwe wäert. De Pierre Gramegna huet och d'Mesuren an d'Initiative vun der Regierung ënnerstrach, fir speziell deen Domän vun der Technologie zu Lëtzebuerg weiderentwéckelen ze kënnen.
Lëtzebuerg huet een exzellente Ruff an Europa
Eng Verstäerkung vum legale Kader vum FinTech-Ekosystem misst, dem Finanzminister no, och esou séier wéi méiglech europawäit ëmgesat ginn. De Pierre Gramegna ass frou ze gesinn, dass d'Communautéit vun der FinTech zu Lëtzebuerg zejoert nach gewuess ass, a freet sech, esou vill Memberen zu Paräis gesinn ze hunn. Et wier "eng gutt Representatioun vun der Dynamik, déi zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss gëtt" an de Beweis, dass "eist Land qualitativ gesinn een exzellente Ruff an Europa huet".
Eng global Besteierung vun den neien Technologien am Kader vun der OECD
Doriwwer eraus gouf een Aarbechtsiessen vun der Lëtzebuerger Ambassade zu Paräis organiséiert, wou de Steier-Direkter vun der OECD an de Pierre Gramegna betount hunn, dass eng global digital Besteierung an den 127 Memberstaaten néideg wier.
Dësen Accord misst och ënnertenee gedeelt ginn, an d'Responsabel vun der OECD sinn dobäi, eng Rei Léisunge fir zum Beispill GAFA (Google, Apple, Facebook, Amazon) an aner grouss Nimm vun den neien Technologië fair a gläich iwwerall besteieren ze kënnen.

© MFIN
Offizielle Communiqué
Le Luxembourg bien représenté à la quatrième édition du «Paris FinTech Forum» (30.01.2019)
Communiqué par: ministère des FinancesLe ministre des Finances, Pierre Gramegna s'est rendu, le 30 janvier 2019, à Paris pour participer à la quatrième édition du «Paris Fintech Forum». Ce rendez-vous annuel des acteurs de la FinTech a permis à une trentaine de jeunes pousses luxembourgeoises et des firmes déjà bien établies, installées pour la plupart à la Luxembourg House of Financial Technologies (LHoFT), de présenter leurs dernières innovations, d'échanger avec leurs partenaires européens et de confirmer leur notoriété grandissante. La FinTech luxembourgeoise Koosmik, spécialisée dans l'inclusion financière, a remporté le Spécial Jury Award du «Paris Fintech Forum».
Pierre Gramegna est intervenu aux côtés des ministres des Finances français, belge et lituanien à la table-ronde de clôture intitulée: «What Europe for digital finance and the Fintech industry?». À cette occasion, le ministre a pu faire le point sur les différentes mesures et initiatives lancées par le gouvernement au cours des dernières années pour promouvoir le développement de la FinTech au Grand-Duché. Dans ce contexte, il a notamment salué les efforts continus de la LHoFT pour accroître l'attractivité de l'écosystème FinTech. Le ministre a en outre souligné le rôle important que joue la régulation dans la stimulation de l'innovation financière, et a plaidé pour un renforcement du cadre réglementaire FinTech à l'échelle UE.
Enfin, lors d'un déjeuner de travail organisé par l'ambassade de Luxembourg, Pierre Gramegna et Pascal Saint-Amans, directeur de la fiscalité au sein de l'OCDE, se sont entretenus sur les dernières avancées de l'OCDE au niveau des travaux de réforme de la fiscalité internationale à l'ère du numérique, alors que 127 pays se sont accordés à explorer des solutions concrètes afin de trouver un consensus sur la façon dont les droits d'imposer les entreprises doivent être partagés dans l'ère digitale.
Pierre Gramegna commente: «La communauté FinTech luxembourgeoise a encore grandi au cours de l'année passée, et je suis content de voir un si grand nombre de représentants du monde luxembourgeois des Fintechs présents ici, à la quatrième édition du Paris Fintech Forum. Cela illustre le grand dynamise de notre écosystème FinTech, qui est reconnu aujourd'hui comme étant un pôle d'excellence en Europe en matière d'innovation financière.»

© MFIN