Ass Slow-TV eng Léisung fir eis hektesch Welt ze vergiessen?
U sech geschitt an deene Videoen absolut guer näischt... mä dat benotze mëttlerweil vill Leit, fir sech ze berouegen an op aner Gedanken ze kommen.
Wärend 7 Stonnen fiert den Zuch einfach virun, et passéiert soss näischt ausser Schinnen a schéin Landschaften déi laanscht zéien. Wéi wann een de Maschinist vun der Maschinn wier. E Video deen u sech zimlech langweileg ausgesäit, an awer gouf dee schonn méi wéi eng Millioun Kéieren vu Leit gekuckt.
Déi "lues Televisioun" gouf an den 60er Joren erfonnt a kënnt elo als Trend zréck. Zanter 6 Joer benotzt zum Beispill e franséische Kiné esou Videoen fir seng Patienten wärend der Behandlung ze berouegen. "Et ass wéi wann een vun de Biller géif hypnotiséiert ginn" esou de Kiné.
Esou Videoen, wéi och de Phänomen vum Autonomous Sensory Meridian Response (ASMR) op YouTube, ginn ëmmer méi beléift, well se eng Léisung fir de moderne Stress duerstellen.
All Mënsch kann elo bequem vu senger Stuff aus eng wonnerschéi Plage an engem fixe Plang bewonneren, oder engem Feier wärend 3 Stonnen nokucken (wéi schonn virun e puer Joren um däitschen Super RTL). Mëttlerweil ginn d'Produzenten vun esou Videoen méi wäit a proposéieren ënner Anerem d'Siicht vun engem Adler beim Fléien. Aner "satisfying" Videoen ginn och ëmmer méi populär wou Objeten zum Beispill an enger perfekter Manéier ausgeriicht oder geschnidde ginn.
Alles gëtt ënnerholl, fir d'Séil ze berouegen, mat Hëllef vun der Technik fir dës Videoen ze produzéieren, fir de Stress vun der moderner Welt, wou alles ze séier leeft, eng Zäitchen ze vergiessen.