Kënnt en neien LG-Smartphone, dee mat der 5G kompatibel ass?

© AFP
Zu Barcelona gëtt all Joer de Mobile World Congress Enn Februar organiséiert, an deem Kader kéint déi koreanesch Mark een neie Modell presentéieren.
U sech sollt den LG V50 méi spéit virgestallt ginn, an awer bitt den MWC déi perfekt Geleeënheet, fir d'Smartphone-Produzente weltwäit sech am Beräich vun der 5G ze behaapten.
Huawei oder Xiaomi aus China representéieren eng staark Konkurrenz, awer och de südkoreanesche Samsung versprécht ee ganz intressante Modell. LG wëll net als Outsider do stoen. Engem Artikel vum Site ETNews no leeft d'Rumeur, dass ee fonkelneie Modell LG V50 ThinkQ zu Barcelona virgestallt gëtt.
Den neie Smartphone gëtt mat engem 6-Zoll-groussen Ecran, engem Snapdragon 855-Chip, dee mat der 7nm-Technologie gebaut gouf (als Remplaçant vun der 10nm), enger Batterie vu 4000 mAh an engem 5G-Modem, deen héchstwahrscheinlech vu Qualcomm gebaut gëtt, geliwwert.
Fir LG ass d'Presentatioun vun engem V50 5G eng grouss Erausfuerderung, well d'Spezialisten dat absolut net fir dëse Mount erwaart haten. An der hektescher Smartphone-Course huet een dacks kee Choix, virun allem well Samsung scho virun e puer Méint een 5G-Apparat fir dat éischt Trimester 2019 versprach hat.
De V50 dierft fir d'éischt um nordamerikaneschen an am Mäerz um europäesche Marché lancéiert ginn. OnePlus, deen eng Zäitchen als éischte 5G-Produzent gegëllt hat, schéngt näischt Konkretes virum Fréijoer erausbréngen ze wëllen.
De Mobile World Congress gëtt dëst Joer vum 25. bis den 28. Februar zu Barcelona organiséiert.