70% vun de Lëtzebuerger sinn an de soziale Medie vertrueden an am EU-Vergläich leie mer op 4. Plaz, wann et ëm d’Notzung vum Internet geet.

De 5. Februar ass internationalen "Safer internet day", ma och wa mir an der Theorie all wëssen, dass mir mat all Internet-Connectioun Spuren hannerloosse – et blent een et am Alldag gären emol aus. Mir hu gekuckt, wéi d’Leit reagéieren, wa se mat deenen Date konfrontéiert ginn an hu bei "Bee Secure" nogefrot, wéi een déi Spure miniméiere kann.