Iwwert den Dag verdeelt wäerte mir Iech verschidde kleng Aufgabe stellen, sougenannte "Bonnes Actions", déi Dir ganz einfach ëmsetze kënnt.

Firwat gëtt et de Safer Internet Day?

„Together for a better Internet“ ënnert dësem Motto wäerten um Safer Internet Day eng ronn 140 Länner ronderëm d’Welt verschidden Aktiounen organiséieren.

Och déi 16. Editioun vun dësem Dag soll eis dorun erënneren, wéi wichteg et ass, dass mir eis gemeinsam fir ee sécheren Internet staark maachen. Organiséiert a koordinéiert gëtt de Safer Internet Day op internationalem Niveau vum europäeschen Insafe-Netzwierk, woubäi BEE SECURE da fir déi national Ëmsetzung zoustänneg ass. D‘Haaptzil vum Safer Internet Day ass et duerch eng ganz Rei Aktiounen, d’Notzer fir ee sécheren Ëmgang mam Internet ze sensibiliséieren. Mee net nëmme Schoulen a Pädagogen, mee och Entreprisen, a souguer privat Persoune sinn invitéiert um Safer Internet Day deelzehuelen, sief et andeems een un enger Aktioun deelhëlt oder souguer selwer eng Aktioun umellt a lancéiert.

Zu Lëtzebuerg wäerten um Dënschdeg eng ganz Partie Aktiounen uechtert d‘Land oflafen. Um Dënschdeg de Moien invitéiert BEE SECURE an Zesummenaarbecht mam Kinepolis eng ronn 400 Schüler beispillsweis op eng Filmséance mat ofschléissender Diskussioun.

Um Dënschdeg den Owend ass dann am Stater Kolléisch een Elterenowend geplangt. Mee och un d’Seniore gouf geduecht, esou organiséiert de Centre européen des consommateurs luxembourgeois um Mëttwoch ze Mëtteg um 12.30-14 Auer op de „Midi du consommateur européen“ eng Konferenz, wou iwwert sozial Netzwierker an Datingplattforme riets geet. Dëst sinn awer nëmmen e puer Beispiller, déi komplett Lëscht un Aktiounen, déi dëser Deeg oflafen fannt dir op https://www.bee-secure.lu/de/events/safer-internet-day/safer-internet-day-2019.

Mee och all eenzele vun Iech dobaussen ass elo invitéiert matzemaachen!

BEE SECURE proposéiert iech heifir eng Rei Aufgaben, déi iech net vill Zäit kaschten an duerch déi dir är eegen Internetbenotzung méi sécher maache kënnt. „Ween hëlt sech net schonn zanter Méint fir ee bestëmmten Update ze maachen, seng Privatsphärastellungen op de soziale Medie ze kontrolléieren oder och säi Passwuert ze änneren?“ Ma haut um Safer Internet Day, ass de Moment!

Iwwert den Dag verdeelt wäerte mir iech verschidde kleng Aufgabe stellen, sou genannte „Call to action“, déi dir ganz einfach ëmsetze kënnt. Esou datt jiddereen seng BA, also seng „Bonne Action“ fir e méi sécheren Internet haut ka maachen.