Hautzedaags brauch ee praktesch fir all Internetsite an all Plattform een Account an domat och ee Passwuert.

AUDIO: 05/02/2019 Safer Internet Day: Änner ee vun denge Passwierder

Dës ze verhalen, ouni ëmmer dat selwecht ze benotzen, fält ville schwéier. Mee op wat muss een iwwerhaapt oppassen? Wéi gesäit ee séchert Passwuert aus? A ginn et Tricker fir dës besser ze verhalen?

Wéi gesäit ee séchert Passwuert aus?

Ee séchert Passwuert…

  • Ass licht ze verhalen a schwéier ze roden
  • Huet minimum 12 Zeechen
  • Besteet souwuel aus groussen a klenge Buschtawen, aus Zuelen an aner Zeechen (.,!)

Op wat muss een oppassen?

Et sollt ee

  • Verschidde Passwierder fir verschidde Konte benotzen
  • Keng perséinlech Informatiounen an d‘Passwuert abauen
  • Kengem säi Passwuert verroden
  • Provisoresch Passwierder, déi ee geschéckt kritt, huet ëmmer änneren.
  • Säi Passwuert direkt änneren, wann een d‘Gefill huet, dass een et kéint kennen
  • 2 -Faktoren Authentifizéierung benotze wa méiglech. Heifir benotzt dir engersäits ee Passwuert, wat dir kennt an anersäits ee Code, deen dir iwwert SMS geschéckt kritt oder de Code vun ärem Token.

Wéi erfënnt een ee séchert Passwuert?

Schrëtt 1: Fir d’éischt sicht ee sech iergendee Saz, deen einfach ze verhalen ass.

Schrëtt 2: Dann hëlt een d’Ufanksbuschtawe vun dësem Saz, benotzt grouss a kleng Buschtawen an ersetzt verschidde Buschtawen duerch Zuelen an Zeechen. Fir net ëmmer dat selwecht Passwuert ze benotzen, kann een och probéieren, den Numm vun der App anzebauen.

Alternativ: Eng aner Méiglechkeet ass et, ee komplette Saz an net nëmmen d’Ufanksbuschtawen dovun als Passwuert ze benotzen.

Gëtt et een Trick fir sech déi verschidde Passwierder besser ze verhalen?

Eng Méiglechkeet wier et beispillsweis ee Passwuertmanager wéi bspw. „Keepass“ ze benotzen. Op dësem Programm deen dir op ärem Computer installéiert, kënnt dir är Passwierder op eng sécher Aart a Weis späicheren.