Wee kennt se net, déi vill Erënnerungen, déi ee geschéckt kritt, fir een drop opmierksam ze maachen, dass mol erëm Zäit fir een neien Update wier?

AUDIO: 05/02/2019 Safer Internet Day: Maach een update

Dacks ass de Moment awer net passend oder et huet een einfach keng Loscht, sech deen Ament mat engem Update ze beschäftegen an hëlt sech vir, et zu engem spéideren Zäitpunkt eng Kéier ze maachen.

Heibäi sollt ee sech awer bewosst sinn, dass sou Softwareaktualiséierungen extrem wichteg sinn, fir d’Sécherheet vun ärem Gerät ze assuréieren. Al Softwaren hunn duerch déi rasant Entwécklung ëmmer méi Sécherheetslücken a sinn aus dësem Grond méi ufälleg fir Viren asw. Zousätzlech bréngen Updates jo och nieft enger verstäerkter Sécherheet, meeschtens och nei Funktioune mat sech.

Aus dëse Grënn sollt een also reegelméisseg nokucken, ob d‘Betribssystemer wéi och d’Programmer op deem neiste Stand sinn.

Eisen zweete Call to Action ass et also vun der Geleeënheet ze profitéieren, an haut um Safer Internet Day, sech kuerz Zäit ze huelen an een Update, dee scho laang usteet ze maachen.

Also op wat waart dir nach? Huelt den Handy, ären Ipad oder Computer eraus, a maacht op d'mannst een Update a maacht esou är Internetbenotzung méi sécher.

Är BA (Bonne Action) fir de Safer Internet Day.

Méi zum Thema :

https://www.bee-secure.lu/de/news/smartphone-updates-ja-oder-nein
https://www.bee-secure.lu/fr/news/mises-%C3%A0-jour-de-smartphone-oui-ou-non