Ee weidere Call to action um Safer Internet Day wier et, eng Kéier seng Fotoen op de sozialen Netzwierker ze kontrolléieren.

AUDIO: 05/02/2019 Safer Internet Day: kontrolléier Deng Fotoen

Hei sammele sech iwwer d’Joren e ganze Koup u Fotoen un, déi een no enger Zäit net méi onbedéngt wëll mat der Welt deelen. Am Idealfall sollt dir Iech natierlech eng Kéier Zäit huelen, fir hei kräfteg ze raumen.

Well dat awer extrem zäitopwänneg ass, proposéiere mir iech haut är Bonne Action fir de Safer Internet Day ze maachen, andeems dir 3 al Fotoe vun Iech op engem sozialen Netzwierk läscht.

E weideren Tipp wier et an engems och är Astellungen a punkto Fotoen ze kontrolléieren, an ze kucken, wien är Fotoen alles ka gesinn.

Et kann een och astellen, dass ee fir d’éischt eng Markéierung  op enger Foto oder engem Post muss akzeptéieren, iert dës op sengem Profil ze gesinn ass.