2. Bonne Action: Et muss net jidderee wëssen, wou ech sinn

Am Zäitalter vum Big Data hannerloosse mir iwwerall Daten.
Op der enger Säit ginn et e ganze Koup Informatiounen, déi ee fräiwëlleg op de sozialen Netzwierker deelt, op der aner Säit sinn awer och ëmmer méi Apps déi perséinlechen Donnéeë vun de Notzer sammelt. Virun allem Standortdaten gi vun ëmmer méi Applikatioune gesammelt.Ma eleng dës Date verroden immens vill iwwert eng Persoun: hei fënnt ee beispillsweis eraus, wou dir schafft, wou dir wunnt, wat dir virun 2 Woche Weekends gemaach hutt, asw. Et kritt een also eleng duerch d’Sammele vun dësen Daten ee präziist Bild vun enger bestëmmter Persoun. Dofir muss all eenzele vun eis, fir sech selwer entscheeden, ob een d’accord ass, dës Informatiounen dem Bedreiwer vun der App zur Verfügung ze stellen oder net. Och wann dat Iech näischt sollt ausmaachen, sollt dir wëssen, dass et enorm vill Akku kascht, wann d’Standortermittlung permanent aktivéiert ass.Dacks ass ee sech selwer awer mol net méi bewosst, bei wéi engen Applikatiounen een d’Standuert-Deelen accordéiert huet a bei wéi engen net. A genee aus dësem Grond, ass déi nächste Bonne Action, déi dir haut um Safer Internet Day kënnt maachen, genee dat eng Kéier ze kontrolléieren!
Fir Android
| Fir den iPhone |
Standortberechtigungen verweigern: Einstellungen à Apps & Benachrichtigungen à App-Berechtigungen à Standort (Bei Android gëtt et vill verschidde Versiounen, esou dass ee bei méi ale Versiounen eventuell e bësse siche muss, bis een déi Astellung fënnt) | Standortberechtigungen verweigern: |
Fir déi, déi méi wäit wëlle goen, a souzesoen ee richtegen Detox wëlle maachen, fannt dir hei de Link fir den Data Detox Kit.
Mat Hëllef vun dësem Kit kënnt dir ouni groussen Opwand iwwer 8 Deeg eng Kéier ee komplette Fréijoersbotz maachen. Dir léiert net nëmme wou sech iwwert d’Joren Daten ugesammelt hunn, mee och wéi dir dës Unzuel an Zukunft verréngere kënnt.
https://www.bee-secure.lu/sites/default/files/DataDetoxKit_DE_Jan2018.pdf
https://www.bee-secure.lu/sites/default/files/DataDetoxKit_FR_Jan2018.pdf