3. Bonne Action: Raum deng Applikatiounen!

Wéi vill Apps hutt dir um Handy, a wéi vill vun deene benotzt dir reell dovun?
Ergëtt et wierklech Sënn Apps um Handy ze stockéieren, déi een nëmmen all Schaltjoer eng Kéier benotzt? Nieft dem Späicherplaz deen dës brauchen, mëscht et och ganz allgemeng Sënn, hei mol eng kéier ze raumen an déi eng oder déi aner App ze läschen. Deng BA fir de Safer Internet Day kann also sinn, einfach mol eng kéier deng Apps ze zortéieren an sech vun deenen ze trennen déi souwisou nëmmen onnëtz Späicher klauen.
E klengen Tipp: Schreif mol ganz spontan déi Apps op, déi s de am Alldag vill benotz a fir dech wichteg sinn. Da vergläichs de dës Lëscht mat den Apps, déi s de tatsächlech och um Handy hues.
Esou fält der d'Zortéiere sécherlech scho méi einfach!