Noriichte läschen op Facebook Messenger

© Zazu70
Den Chat-Service vum gréisste soziale Reseau vun der Welt mécht et elo méiglech, Messagen ze läschen. Et gëtt awer eng Konditioun!
Et ass séier geschéckt: der falscher Persoun eng Noriicht geschéckt, ze séier getippt oder ganz einfach d'Meenung geännert. Op WhatsApp kann een dat scho méi laang maachen, wann déi aner Persoun de Message nach net gelies huet. Op Messenger funktionéiert dës nei Optioun och vun dëser Woch un.
Et muss een allerdéngs eng Reegel respektéieren: d'Funktioun ass just 10 Minutte laang aktiv, nodeems een de Message fortgeschéckt huet. Et geet souwuel am Kader vun engem private Gespréich mat enger Persoun wéi och an enger Diskussioun mat enger Grupp Leit.
Fir dat ze maachen, soll een einfach op de gewënschte Message mam Fanger drécken an d'Optioun "Remove for Everyone" wielen. Esou wéi dat schonn op aner Plazen de Fall ass, gëtt den originalen Text duerch eng Warnung ersat, déi dann de Leit Bescheed seet, dass de Message geläscht gouf.

Et kann een awer nach ëmmer eng Noriicht op senger Säit läschen, dat klappt och no den 10 Minutten. Allerdéngs ass den Text nëmme virun der Persoun verstoppt, déi e geschéckt huet. All déi aner Membere vum Gespréich mierken an deem heite Fall keng Ännerung. Dofir ass d'Optioun "Remove for You".
Facebook mécht a sengem Communiqué nach eng Kéier drop opmierksam, dass och privat Gespréicher kënne gemellt ginn, wa se der Plattform hire Standarden net entsprécht. Zum Beispill an engem Fall vu Mobbing, Rassismus oder onéierlechem Gebrauch vum Reseau. Fir esou e Behuelen op Messenger ze mellen, huet Facebook eng speziell Säit opgeriicht.
Dës Optioun ass vun elo un fir all User op der ganzer Welt souwuel op Android wéi op iOS disponibel.