No Windows 10 Mobile gëtt elo och den historesche Web Browser lues a lues ofgebaut. Déi aktuell Standarde vum Internet ginn hei net méi ënnerstëtzt.

Microsoft probéiert also ganz éierlech ze sinn, well de Browser net méi sécher ass. D'Firma geet souguer méi wäit an empfeelt de User, den Internet Explorer (IE) net méi ze benotzen. Et soll een op aner Browser zeréckgräifen, déi méi stabil sinn, wéi Edge, Chrome oder Firefox.

Am Artikel "The perils of using Internet Explorer as your default browser" (Geforen vum Internet Explorer als Browser par défaut) präziséiert de Chris Jackson, Cybersécherheet-Expert bäi Windows, d'Grënn firwat de Browser fir aktuell Zwecker net méi ubruecht ass.

Déi éischt Versioun vum IE war 1995 erauskomm. 20 Joer méi spéit koum Microsoft Edge eraus an hat 2015 de Schluss vum historesche Browser annoncéiert. Internet Explorer kritt zanter 4 Joer keng Updatë méi. Och wann eng ganz Rëtsch Säiten nach drop funktionéieren, ginn nei Programmer op "modern" Plattforme getest, an déi riskéiere mam IE net méi richteg ugewisen ze ginn.

Enn Januar huet Microsoft de Schluss vun hirem Smartphone-Betribssystem ugekënnegt: Windows 10 Mobile soll bis Dezember net méi aktualiséiert ginn, och am Domän vun der Sécherheet. An deem heite Fall recommandéiert d'Firma nees ee Smartphone ze wielen, deen entweder mat Android oder mat iOS schafft.