Zwee Joer méi fréi haten 2 türkesch Journalisten 2 Méint am Prisong verbruecht, well se op der nämmlechter Plaz eng Dron fléie gelooss haten.

E franséische Staatsbierger ass virun enger Woch zu Naypyidaw, d'Haaptstad vum Myanmar (Ex-Burma), festgeholl ginn, well en eng Dron fléie gelooss huet.

De 27 Joer ale Mann kritt reprochéiert, seng Maschinn nieft dem birmanesche Parlament fléie gelooss ze hunn. D'Police huet präziséiert, dass eng Maschinn, "déi fléie kann", am Fall implizéiert war. Et goufen awer keng Präzisiounen zu de Chargen, déi géint hie geriicht sinn.

2017 haten 2 Journalisten, déi fir den türkesche Staatssender TRT World geschafft haten, 2 Méint am Prisong mat hirem birmaneschen Interpret verbruecht. Si hunn op där Plaz net wäit vum Parlament eng Dron fléie gelooss.

Net vill Auslänner intresséiere sech fir Naypyidaw, déi administrativ Haaptstad vum Myanmar. Hei fënnt ee praktesch keng intressant touristesch Attraktiounen an nëmmen e puer Virwëtzeger packen de Wee bis an d'Stad eran.