D'Reform vum Droit d'Auteur gëtt ëmmer méi konkret

© afp
Den definitiven Text, deen nach muss gestëmmt ginn, zwéngt grouss Internet-Plattformen de Contenu méi ze filtréieren awer beschützt "Memes" an Karikaturen.
D'Representante vun den dräi EU-Institutiounen (Kommissioun, Conseil an Parlament) si sech eens ginn. "Een Accord iwwer den Droit d'Auteur konnt fonnt ginn" huet de Vizepresident vun der EU-Kommissioun am Digital Single Market Andrus Ansip getweet. Hien ass och de Responsabele vun dësem Dossier.
"D'Europäer kréien endlech modern Reegelen iwwer den Droit d'Auteur, deen elo dem digitalen Zäitalter ugepasst gouf mat richtegen Avantage fir jiddereen: garantéiert Rechter fir Useren, eng fair Remuneratioun fir Leit, déi Contenu produzéieren, a ganz kloer Reegele fir d'Plattformen" huet sech den Andrus Ansip gefreet.
Dëse provisoreschen Accord, deen tëscht dem europäesche Parlament an de Memberstaaten ënner der Opsiicht vun der Kommissioun fonnt gouf, muss elo nach vum Conseil ugeholl ginn. Wann dat bis geschitt ass, muss den Text nach vun den Europadeputéierte gestëmmt ginn, an dat virun den Europawalen am Mee.
Zanter September 2016 gëtt dës Reform debattéiert, an engem Kampf tëscht géigesäitegem Lobbying tëscht de Medien an de Leit, déi Contenu produzéieren a déi sech méi Sue wënschen engersäits an op der anerer Säit grouss Internetentreprisen, déi hire Business Model beschütze wëllen. Militante vun der Netz-Fräiheet sinn iwwerraschenderweis op der Säit vun de Plattformen, déi de Contenu verbreeden.
Konkret Ännerungen
Dës grouss Plattforme sollen Accorde mat den Createure fannen, fir hir Produktiounen, déi mam Droit d'Auteur beschützt sinn, weisen ze däerfen. Dëse Contenu däerf wuel net méi gewise ginn, wa keen Accord fonnt gëtt. Een automatesche Filter misst also agefouert ginn, e bësse wéi op der Video-Plattform YouTube. Méi kleng Säiten, déi manner wéi 10 Milliounen Euro Ëmsaz a manner wéi 5 Milliounen User pro Mount hunn, sinn hei net betraff. An deem Fall soll de beschützte Contenu esou séier wéi méiglech vun hirem Site verschwannen, wa se bis vun de Besëtzer gewarnt goufen. Eng Moossnam, déi schonn hautdesdaags applizéiert gëtt.
Am Kader vun der Fuerschung oder Uni-Recherche ginn et allerdéngs Ausnamen. De beschützte Contenu ka weiderhin vu Fuerscher oder Studenten analyséiert ginn, e wichtege Schratt an der Entwécklung vun der kënschtlecher Intelligenz oder vum Big Data. Muséeën oder Archive kënnen och weiderhi Kopie vun de Wierker maachen, fir de Schutz vum digitalen Ierwen. Wa Wierker net méi um Maart sinn oder kee legale Besëtzer méi hunn, däerfen d'Muséeë se och gratis un de grousse Public verbreeden. Online-Enzyklopedien, wéi Wikipedia, missten och net vum neie Gesetz betraff sinn.
Karikaturen, "Memes" a fräi inspiréiert Kopie vu Wierker däerfe weiderhi legal vu beschütztem Material profitéieren.
Wat geschitt mat der Press
Deen Artikel, deen d'Press-Aarbecht betrëfft, gouf och bäibehalen. Hei geet et drëms, d'Revenue vun der online-Diffusioun vu journalisteschen Artikele fair ze deelen. Et ass awer nach net ganz kloer, wéi d'EU e Gläichgewiicht nees aféiere wëll. Linke kënnen awer weiderhi gedeelt ginn, wéi et schonn hautdesdaags de Fall ass.
Kleng Extraiten vun Artikelen, wéi bäi Google News zum Beispill, dierften och weider benotzt ginn, allerdéngs wa se net als "autonom original Wierker" bezeechent kënne ginn. Wat esouvill heescht, wéi ee verständleche Saz, dee vum Artikel erausgeholl gouf. Also missten d'Servicer, déi dës News publizéieren, e Wee fannen, fir de Saz ze änneren an de passende Link bäizefügen. Google hat leschte Mount eng Warnung an deem heite Kader publizéiert, déi wuel d'EU-Responsabel wéineg intresséiert huet.