En Text-Programm bleift geheim, well geféierlech fir d'Mënschheet

© Humusak
D'Resultater vum Roboter waren ze gutt, fir mam grousse Public gedeelt ze ginn, d'Responsabel hunn Angscht, dass en an déi falsch Hänn geréit.
De Programm, deen den Numm GPT-2 krut, ka fir Artikelen, Virstellungen oder egal wéi e Support benotzt ginn, wat geschriwwe gëtt. Et ass "dat Allerbescht" fir verschidde Niveauen vun der Sprooch ze modeliséieren, esou de Fuerschungszenter OpenAI, deen op d'Ënnerstëtzung vum Elon Musk (Tesla), Amazon oder och nach Microsoft ziele kann.
De revolutionäre System gëtt awer net ëffentlech presentéiert, well d'Responsabel vum Projet Angscht hunn, dass béisaarteg Manipulatioune vun der Technologie zu eppes Schlechtes féiere kann, esou eng Publikatioun op hirem Blog.
Hirer Meenung no kéint de Programm benotzt ginn, fir falsch Presseartikelen ze schreiwen, d'Identitéit vun anere Leit online ze klauen oder och nach fir d'Automatiséierung vu fake News op sozialen Netzwierker.
Zum Beispill huet de Programm een Artikel vun 300 Wierder geschriwwen iwwer e Sujet, dee kee Sënn mécht: "Eng Häerd vun Einhörner, déi an engem Dall vun den Anden gelieft hunn an déi bis elo ni erfuerscht gouf".
D'Fuerscher hunn och eng zousätzlech Warnung erausginn, an zwar iwwer de Phänomen "deepfakes" wou Biller aneschters a besser manipuléiert ginn. Hei ginn d'Beweegungen an d'Stëmm vun enger Persoun duerch eng Maschinn nei produzéiert, an d'Resultat ass heiansdo ganz schwéier vun der Wierklechkeet z'ënnerscheeden.