Jidderee ka seng eege "Skills" fir d'Alexa programméieren

© amazon
All Privatpersoun ka vun elo un ee Skill fir d'Alexa publizéieren. Et sinn Applikatiounen, déi nei Funktiounen fir den Assistent bréngen.
Et kann een also d'Intelligenz vum Alexa vun elo selwer beräicheren, andeems ee seng eege "Skills" oder Befeeler produzéiert a publizéiert. Et sinn Applikatiounen fir den Assistent, déi zum Beispill e bestëmmte Radiosprogramm opruffen oder e Liiblingssender op der Tëlee ophëlt.
Op déi Manéier kann Amazon elo säi Buttek ouni grouss Fraisen däitlech vergréisseren. 2018 hat dem Jeff Bezos seng Firma den Alexa Skill Blueprints-Service lancéiert.
Mat dëser Plattform konnt all User vun dësem Stëmm-Assistent verschidde Befeeler configuréieren, fir se an de System anzebauen. Allerdéngs war d'Notzen reng privat gehale ginn. Elo kënnen se ëffentlech gemaach ginn, esou dass déi ganz Gemeinschaft dovunner profitéiere kann. Et muss een och keen erfuerenen Entwéckler sinn, fir dës Programmatioun hinzekréien.
Blogger kënnen zum Beispill d'Ofspillen vun hirem leschten Artikel automatiséieren. Op YouTube kritt een en ähnleche Service ugebueden, wou spezifesch Videoe mat engem spezielle Befeel ofgespillt ginn.
Esouguer verschidden Universitéiten hunn et scho fäerdegbruecht, hir Coursen als Audio-Versioun onlinezesetzen. Huet ee Loscht e Spill ze spillen, kann een dat och vun elo u maachen, ouni opzestoen.
De Store vun Amazon wäert wuel eng ganz däitlech Hausse vun den Skills erliewen, mëttlerweil ginn et der 80.000. Eng Zuel, déi geschwënn wäert an d'Luucht goen.