Facebook muss vill méi staark reguléiert ginn an et muss dréngend géint d’Verbreede vu falschen Informatiounen op där Plattform gehandelt ginn.

Dat soe britesch Deputéiert, déi ee Spezialrapport iwwert de weltwäit gréisste Sozial-Reseau verfaasst hunn. D’Parlamentarier hu sech mat der Geschäftsféierung vu Facebook virun a no der Affär „Cambridge analytica“ auserneegesat – d’Affär, déi ënnert anerem gewisen huet, wéi perséinlech Donnéeën ausgenotzt goufen, fir Leit geziilt falsch z'informéieren an esou politesch ze manipuléieren.

Am Rapport ginn notamment folgend Mesure gefuerdert: en ethesche Code fir Technologie-Firmen, ee Regulateur, dee juristesch ka géint Firme virgoen, Ännerungen um Wahlgesetz, Sozialmedien zwéngen schiedlech Informatiounen erofzehuelen oder nach eng méi staark Besteierung vun de Firme wéi Facebook, fir mat deene Suen d’Regulatioun ze finanzéieren.

Facebook huet positiv op de Rapport reagéiert a seet, et wier een oppe fir Reguléierungen. Op der anerer Säit hätt ee net op de Rapport gewaart, fir scho Mesuren z‘ergräifen. D’Parlamentarier soen dogéint, et wier schwiereg gewiescht mam Facebook-Chef Mark Zuckerberg zesummenzeschaffen, fir de Rapport ze maachen.