Méi wéi 100.000 Dollar fir eng Super Mario Bros. Kassette

© DG-RA
D'Spill aus dem Joer 1985 gouf zanter 34 Joer net eng Kéier opgemaach, wat eng extrem héich Qualitéit vum Produit op enger Stee zu Dallas garantéiert huet.
Eng Grupp vu Sammler huet Ufank Februar ee ganz seelent Exemplar vum klassesche Nintendo-Spill Super Mario Bros. fir 100.150 Dollar am Kader vun enger Stee kaf, dat si ronn 90.000 Euro. Eng Premiere an der Welt vun der Videospill-Sammlung.
Fir esou eng héich Zomm ze justifizéieren, muss d'Spill verschidde Kritären erfëllen. Zum Beispill gouf d'Kartusch vun enger spezialiséierter Firma am Domän vun der Videospill-Expertise bewäert. Déi intakt Këscht krut d'Nott 9.4 vun 10, de Beweis dass den Objet ganz gutt konservéiert gouf.

De Produit, deen hei proposéiert gouf, ass extrem seelen an dohier och schwéier ze fannen. Tëscht 1985 an 1986 goufen et 11 verschidde Variante vun der Super Mario Bros.-Spill-Këscht. Zwou Versiounen dovunner goufen exklusiv zu New York an zu Los Angeles a klenge Quantitéite verkaf, fir de Maart ze testen. E speziellt Pechbild gouf bei deenen zwou Variante benotzt, fir d'Këscht ze versigelen. Et ass eng vun deene Këschten, méiglecherweis déi eenzeg op der Welt, déi bis elo ni opgemaach gouf, déi zu Dallas fir méi wéi 100.000 Dollar versteet gouf.
Super Mario Bros. war bis virun 10 Joer dat meeschtverkaafte Spill op der Welt mat 40 Millioune Kopien, bis dass Wii Sports 2009 déi éischt Plaz eruewert huet.
Virun e puer Deeg huet de YouTube-User Kisaragi Hutae 6 e ganz beandrockende Video vum Spill an enger Stop-Motion-Versioun publizéiert. Hie proposéiert de "Paper Mario Bros. in my Notebook" mat enger Zuel vun 30 Biller pro Sekonn. D'Resultat ass ëmwerfend.