Lëtzebuerg preparéiert sech op d'Méiglechkeet vu Cyberattacken

© AFP
Lëtzebuerg ass gutt preparéiert am Fall, wou onerlaabten Afloss op Wale geholl géif ginn an och am Fall vun enger "Cyberattack".
Dat geet aus der gemeinsamer Äntwert aus dem Staatsministère an deem vun der Justiz op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Alex Bodry ervir. Deen hat dorop higewisen, dass d'Europäesch Kommissioun de Risiko vu Manipulatioun mat Hëllef vu falscher Informatioun wärend dem Walprozess géif erkennen. Och am Virfeld vun den Europawalen de 26. Mee. All déi néideg Mesurë géifen op EU-Niveau an och hei zu Lëtzebuerg ënnerholl ginn, verséchert d'Regierung.
Ee Fonctionnaire aus dem Service Juridique vum Staatsministère representéiert de Grand-Duché am europäesche Reseau fir d'Walen am Europaparlament. An deem Reseau si Vertrieder vun allen EU-Memberstaaten. An do gëtt sech iwwer d'Kooperatioun bei de Walen, Transparenz am Internet, Online-Protektioun géint Cyberattacken an d'Lutte géint politesch Falschinformatioune beroden. All dat op Recommandatioun vun der EU-Kommissioun. Am Mëttelpunkt stéing awer den Austausch, steet an der Äntwert un den LSAP-Deputéierten Alex Bodry. De Reseau géif deemno keng Decisiounen huelen, déi duerno misste vun de Memberstaaten ëmgesat ginn.
De potenzielle Gefore wärend dem Prozess vu Walen, ob national oder europäesch, soll entgéint gewierkt ginn. Et soll no méigleche Léisunge gesicht ginn, a Kooperatioune solle gefuerdert ginn. D'Sujeten, déi an deem Reseau um Ordre du Jour stinn, sinn zum Beispill d'Transparenz vun de politesche Publicitéiten, wéi der jo wärend der Walcampagne zejoert och iwwert d'RTL-Antenn diffuséiert goufen. Esou Spotte sollen der EU no kloer als parteipolitesch Publicitéit markéiert sinn.
Mä jo, effektiv, och fir d'Lëtzebuerger Regierung existéiert d'Gefor vun enger ''influence illicite'' am Kontext vun den Europawalen, vun enger geziilter Desinformatioun an vu méigleche Cyberattacken. An d'Ministèrë géifen sech zesummen op dës Menacë preparéieren, esou liest een an der Äntwert vum Staatsministère an deem vun der Justiz. Méiglech Schwaachstelle géifen detektéiert ginn, ma Lëtzebuerg hätt déi néideg technesch an organisatoresch Moyenen, fir esou Tëschefäll ze iwwerstoen.
D'Gefor am Netz ass awer animalesch. Op d'mannst wann een d'Nimm vun de geféierlechsten Hackergruppen op der Welt mengt. ''Bär'', ''Chollima'', ''Panda'' oder nach ''Kitten'' heeschen se. Dohannert stieche Geheimdéngschter, Arméien oder nach Regierunge vu Staaten, déi responsabel si fir d'Attacken am Internet op der ganzer Welt. Déi däitsch "Zeit" huet en Rapport vun der US-amerikanescher Sécherheets-Entreprise CrowdStrike publizéiert. Doran sinn déi aktiivst an effikasst Hacker opgelëscht. Déi sougenannt ''Bären'' stinn un der Spëtzt vun där Lëscht. Hannert deem Numm verstoppen sech russesch Hacker, ënnert anerem zwee Geheimdéngschter. Nordkorea, ''Chollima'' genannt, ass op der zweeter Plaz. Och um Podium sinn déi chinesesch Staatshacker mam Pseudonym ''Panda''. Fir den Rapport huet d'Entreprise ronn 30.000 Attacke vun 116 Hackergruppen zejoert analyséiert. Am wäitsten uechter d'Welt verbreet, wären iwwerdeems russesch Cyberattacken.