Ee Mount no Samsung an nom Mobile World Congress zu Barcelona, wëll de chineseschen Tech-Ris säin neiste Modell zu Paräis weisen.

D'Konkurrenz ass riseg tëscht Samsung, Apple a mëttlerweil och Huawei. De chineseschen Challenger ass ganz uewen un der Spëtzt vum weltwäiten Smartphone-Maart, dat obwuel d'Firma mat rezente Problemer mat verschidde Länner, virop den USA, wéinst Spionage konfrontéiert ass.

De Kampf kennt awer keng Grenzen an d'Chinesen hunn den neien P30 dës Woch ugekënnegt. De Smartphone gëtt dat neit "Flagship" vun der Mark. Mat engem ganz einfachen Tweet, ouni e Milimeter vum Produit ze gesinn, ass d'Arrivée vum neien Apparat annoncéiert ginn.

Hei gesäit een wou d'Presentatioun Enn Mäerz organiséiert gëtt: zu Paräis. Mat flotten Opnamen vun der franséischer Haaptstad wëll Huawei e Message kloer duerchginn: Reegelen ginn hei nei geschriwwen.

Bis elo huet de chineseschen Handyproduzent et fäerdeg bruecht, fir säin neien P30 geheim ze halen. Säi Virgänger, de P20, hat Ufank 2018 fir ganz vill Opreegung gesuergt, ënner Anerem wéinst der Qualitéit vu sengem Fotoapparat. Dat war deemools ee vun de Grënn firwat Huawei op eemol an der weltwäiter Top3 ze fanne war.

D'Zesummenaarbecht mat Leica misst weider fir eng extrem héich Qualitéit vun der Kamera suergen. Verschidde Fans hu schonn vun engem verbesserten digitale Zoom geschwat, nodeems si de Video gekuckt hunn. All d'Äntwerten ginn den 26. Mäerz geliwwert.