Fir d'Revenue vun der Firma ze stäerken an d'Welt ronderëm Smartphone, Tablett a Computer ze ënnerstëtze, wëll Apple elo hir eege Kaart lancéieren.

Der Zeitung Wall Street Journal no, hätt Apple een Accord mat der Bank Goldman Sachs ënnerschriwwen, fir eng Kreditkaart vum Fréijoer u proposéieren ze kënnen. D'Kaart gëtt mat neie Funktiounen um iPhone verbonnen, fir den Useren ze hëllefen, besser mat hire Suen ëmzegoen.

D'Kaart gëtt an der "Wallet" App integréiert, déi schonn de System Apple Pay steiert. Hei kann een zum Beispill d'Limitt setze vun de Suen déi een ausgi wëll, d'Belounungen an d'Offeren déi ugebuede ginn oder säi Kont geréieren.

Et kéint ee vun enger cash back-Optioun vu ronn 2% op all den Akeef mat der Kaart profitéieren. Am Artikel ass och ze liesen, dass ee mat dëser Kaart besser Konditioune kréicht, fir zréckzebezuelen. Déi éischt Kaarten, déi de Mastercard-Reseau benotze wäerten, ginn an enger éischter Phas un Apple-Employéeë verdeelt, ier se da fir de grousse Public disponibel ginn. Dat misst nach am Laf vun dësem Joer geschéien.

Viru 5 Joer huet déi kalifornesch Firma hiren Apple Pay-System lancéiert. Eng Manéier fir ouni Kaart mam iPhone, iPad oder Watch op contactless Statiounen ze bezuelen. Eng Etapp an der Entwécklung vun de Servicer, déi vun Apple ugebuede ginn an déi 50 Milliarden Ëmsaz am Joer 2020 erreeche missten. 2018 war de Montant vun dëse Servicer zum Schluss vum Joer bäi 37,19 Milliarden Dollar.