Huawei paakt 5G direkt a säi flexibele Smartphone an

Spezialisten a Journalisten hunn op d'Konferenz vum chineseschen Handyproduzent am Kader vum World Mobile Congress zu Barcelona gespaant gewaart.
Dacks gouf iwwer de Mate X spekuléiert, mëttlerweil ass et offiziell. E puer Deeg no Samsung presentéiert Huawei och e Smartphone, deen een diebele kann an deen och direkt mat der 5G-Technologie equipéiert ass.
Déi wichtegst Date vum neie Modell sinn een Haaptecran vu 6,6 Zoll op der viischter Säit, an 6,38 Zoll op der hënneschter Säit. Wann de Smartphone net gediebelt ass kënnt een op eng Gréisst vun 8 Zoll. Den Mate X proposéiert och e Fotoapparat mat 3 Kameraen an eng Batterie vun 4500 mAh mat enger Super Charge 55W, déi 85% vun der Autonomie an 30 Minutte luede kann.

Am Géigendeel vum Galaxy Fold vu Samsung léisst sech de Mate X no bausse diebelen. Dat erméiglecht dem Apparat mat engem Bildschierm ze schaffen amplaz vun zwee. Dat Ganzt rotéiert ronderëm e praktesche Grëff, deen d'Benotze vum Smartphone méi agreabel mécht. De Produit ass och 5G-Ready, wat déi chinesesch Mark ganz wäit no vir an der Course vun de Smartphone-Produzente katapultéiert.
D'Responsabelen hunn och wärend der Presentatioun erkläert, firwat dass d'Welt elo esou een Apparat braucht. Informatioune kënnen op deenen zwou Säiten ugewise ginn, oder bei Opname vu Fotoe kann de Modell sech direkt um Ecran gesinn, ideal natierlech och, fir Selfie mam beschte Fotoapparat ze knipsen.
Een deiere Spaass, wann ee bedenkt, dass de Präis vu Samsung Galaxy Fold scho bei ronn 1.980 Euro louch, depasséiert gouf. Huawei proposéiert säi Mate X fir 2.299 Euro an de Modell misst an der Mëtt vun dësem Joer ze kréie sinn, allerdéngs weess een nach net, ob Europa direkt mat beliwwert gëtt.
