Dës Nouvelle gouf e Méindeg am Kader vum WMC 2019 zu Barcelona ugekënnegt. Een neie Standard ass viru Kuerzem agefouert ginn.

D'FIDO Allianz, déi als Zil huet, Léisungen ze fannen, fir online Authentifizéierungen ze vereinfachen, huet e Méindeg annoncéiert, dass Android mëttlerweil FIDO2 zertifiéiert wier.

Dësen neie Standard ass vun elo un op all Apparat disponibel, dee mat Android 7 oder méi rezent Versiounen funktionéiert. Een Update bei den Google Play Servicer ass allerdéngs néideg, fir vum neie Service profitéieren ze kënnen.

Mëttlerweil si Passwierder ëmmer méi komplizéiert ze sichen, ze fannen an ze verhalen. Dofir ginn ëmmer méi Alternative benotzt, fir sech aneschters anzeloggen, wéi zum Beispill Fangerofdréck oder d'Erkennung vum Gesiicht.

Duerch dës nei Zertifizéierung kënnen déi Leit, déi een Android-Smartphone benotzen, dee mat engem Fangerofdrock-System equipéiert ass, geschwënn och dës nei Method benotzen. Dat gëllt fir Appen awer och Internet-Säiten. Bis dohinner mussen all d'Entwéckler hir respektiv Plattform esouwäit änneren an updaten, fir dass den neie System erkannt gëtt.

Verschidden Appe proposéiere schonn esou eng Fangerofdréck-Authentifizéierung, zum Beispill Banken oder Plattformen, déi schonn e méi héije Sécherheetsniveau besëtzen. Dëse System, dee scho méi laang op iOS disponibel ass, gëtt vun elo un fir déi ganz Android-Welt generaliséiert.  De System soll méi Sécherheet bréngen, mat manner Risiko, dass Passwierder geklaut ginn. Den FIDO2-Standard mécht d'Validatioun vum Fangerofdrock lokal an d'Informatiounen, déi tëscht dem Smartphone an dem Serveur verschéckt ginn, kënne net vu Piraten exploitéiert ginn fir e Kont ze hacken.

Attacken wéi Phishing, Man in the Middle oder Leaks ginn duerch dës nei Sécherheet verhënnert, esou d'FIDO Allianz um WMC zu Barcelona.