Engem amerikanesche Blogger no géife verschidde Useren dës Geleeënheet notzen, fir heiansdo ganz kloer pädophil Inhalter mateneen ze deelen.

YouTube huet ganz kloer no der Warnung vun engem amerikanesche Blogger reagéiert, wéi hien op vill Commentairen op der Videoplattform higedeit huet, déi eng däitlech Gefor fir d'Kanner representéieren. Nodeems scho Milliounen där Commentaire geläscht goufen, geet YouTube elo nach méi wäit an huet en Donneschdeg ugekënnegt, Videoen déi Mannerjäreger weisen, iwwerhaapt net méi kommentéieren ze kënnen.

Dësen amerikanesche Blogger hat de Problem erkannt an ass op d'Sich no Beweiser gaangen: d'Commentairen ginn hei ganz kloer benotzt, fir pädophille Contenu ze identifizéieren a mat anere Leit ze deelen. Esou hu se ouni Problem d'Reegelen an d'Verbueter vu YouTube ëmgaangen. No der Warnung, huet d'Plattform scho Millioune vu Commentaire geläscht déi betraff waren. E Problem, dee verschidde Marke wéi Nestlé oder Disney dozou bruecht huet, hir Publicitéite vun der Plattform erofzehuelen.

Am November 2017 hat YouTube schonn Dausende vu Message geläscht, déi ënner Videoe vu Kanner publizéiert goufen, well déi Leit sech schonn deemools dernieftbeholl haten.

Eng kleng Grupp vu Videasten (déi mat Kanner dréien) wäerten hir Commentairen um Video-Site net gespaart kréien, allerdéngs musse se all eenzel Publikatioun an Uecht halen, esou YouTube. Se kréien och speziell Softwaren, fir all illegale Contenu méi einfach erëmzefannen an duerno och méi effikass ze läschen.