Den e-Commerce Ris hat dës Léisung viru 4 Joer lancéiert, fir verschidde Saachen am Haus direkt mat engem Knäppchen ze bestellen, ouni richtege Succès.

Et sollt net déi grouss Success Story fir "Dash Buttons" ginn, déi connectéiert Knäpp déi fir eng Revolutioun doheem sollte suergen. Am Abrëll 2015 haten iwwregens ganz vill Leit och geduecht dass et u sech e Witz vun Amazon war.

Et war awer eng ganz seriö Saach: et konnt een iwwerall esou "Buttons" am Haus ophänken oder pechen fir esou den direkten Drot mam online Buttek ze hunn, an direkt eppes bestellen wéi ee gemierkt huet, dass de Stock eidel war: Kaffi, Wäschpolver, Mëllech, Toilettëpabeier, Spullmëttel an esouguer och Gummien... eng Kéier gedréckt an direkt bestallt. U sech praktesch.

De Succès vum Konzept ass awer ni richteg ukomm, wat och einfach ze verstoen ass: wien hätt scho gär seng ganz Wunneng mat lauter Marke Knäppercher dekoréiert.

Dës "Dash Buttons" sinn iwwregens séier vun anere Technologien iwwerholl ginn, op der enger Säit den "Dash Replenishment Service" deen de Stock vun engem Apparat automatesch nees opgefëllt huet, wéi et mëttlerweil schonn de Fall bei verschidde Printeren ass, déi nei Kartusche bestellen wann déi aner eidel sinn.

Op der anerer Säit huet Amazon selwer den Doud vu senger éischter Iddi mam Alexa programméiert, dës kënschtlech Intelligenz kann hautdesdaags ganz vill Apparater an hire Management ouni gréisser Problemer kontrolléieren. De Succès vun dëser Léisung muss net méi bewise ginn...