No Amazon wëll och dës amerikanesch Firma d'Manéier moderniséieren, fir Produiten ze liwwere mat enger Maschinn, déi eleng duerch d'Stied fuere soll.

De "SameDay Bot" ass mat véier Rieder equipéiert, déi him erméiglechen, lauter Obstakelen ze meeschteren, zum Beispill biergop, biergof oder duerch kleng Lächer fueren, an e packt esouguer kleng Träppleker, wat fir esou Maschinnen éischter seelen ass.

Esou wéi autonom Autoe gouf de Roboter mat der LiDAR-Technologie ausgerüst, dee System, deen Hindernisser detektéieren an ëmgoe kann. Etlech Kamerae garantéieren eng ganz séier Reaktioun, fir all Gefor aus de Féiss ze goen. E klengen elektresche Motor dreift de "Bot" mat enger Vitess bis zu 15 Kilometer an der Stonn un.

Dat Bescht ass, de Roboter kommunizéiert och mat der Aussewelt duerch en Ecran a seet senge Clientë "Moien" oder "Merci". Eng Warnung kann och fir aner Gefierer ugewise ginn, wann zum Beispill de Roboter stoe bleift, wéinst enger rouder Luucht zum Beispill.

De Liwwerroboter soll eng Léisung sinn, fir de leschte Kilometer vun der Liwwerung méi effikass ze maachen, wéi d'Firma an engem Communiqué erkläert. Heira präziséieren d'Responsabel, dass 60% vun de Clienten an den USA manner wéi véier Kilometer vun engem Buttek ewech wunnen. Hei fënnt de "Bot" op alle Fall genuch Aarbecht.

De Roboter gëtt an Zesummenaarbecht mat DEKA Development & Research Corp. entwéckelt a produzéiert. De CEO vun dëser Firma ass ënner anerem den Erfinder vum iBot oder och nach vum Segway.

De System misst bis de Summer fäerdeg sinn, fir an der Heemechtsstad vu FedEx, zu Memphis (Tennessee), getest ze ginn. An deem Kader hu sech schonn etlech grouss Nimm vun der Distributioun gemellt fir matzemaachen: Pizza Hut, Target, Walgreens oder Walmart wollten direkt vum Ufank u dobäi sinn.