Smart – dat steet op Englesch fir intelligent. De Smartphone ass zum intelligente Begleeder an eisem Alldag ginn. En hëlleft awer net just eis.

Och Firmen a Fuerscher - virausgesat et gëtt mat der néideger Transparenz gemaach - kënnen eis domat tracken. Dat heescht, si kënne suivéieren, wou mer sinn a wéi mer eis an de Stied verhalen.

Dëst soll an der Zukunft de Gemengen zu Notze kommen, fir eng besser Mobilitéits- a Stadsplanung ze maachen an esou "Smart Cities" ze entwéckelen. En Dënschdeg an e Mëttwoch organiséieren d’Fuerschungsinstituter List a Liser e Symposium ronderëm d’Thema Smart Cities. D’Isabelle Henschen huet am Virfeld mat de Fuerscher iwwert hier Projete geschwat.

Klickt hei fir méi Informatiounen zum Symposium.

Am Virfeld hu mir verschidde Fuerscher getraff a kruten 3 Projete virgestallt, déi d’Mobilitéit méi smart wëlle gestalten.

D’App MUV wëll d’Benotzer dofir belounen, wa se den ëffentlechen Transport huelen, de Vëlo oder zu Fouss ginn. Et gi Punkte gesammelt, mat deenen een dann a senger Stad ka vu Bongen a Prozenter profitéieren.

Beim Projet SWAM ginn d’Poubellë mat Sensoren ausgerëscht, esou dass se automatesch mellen, wa se voll sinn. Doduerch gëtt keng fixéiert Tour méi vun de Camione gefuer, mee ausgerechent wéi d'Tour am beschten ass, fir déi voll Poubellë sichen ze goen.

Beim Projet MMUST ginn d’Datebanke vun de 4 Grenzregiounen openaner ofgestëmmt, fir ee Computermodell ze entwéckelen, mat dem een den Trafic ka simuléieren an esou bei gréissere Chantieren op Stroossen a Stied ka virausgesinn, wat d’Auswierkungen op de Verkéier wäerte sinn.