Huawei mécht säi Cybersécherheetszentrum zu Bréissel op

© afp
Den 2. gréisste Smartphone-Produzent op der Welt wëll an Europa méi präsent sinn a léisst sech an der belscher Haaptstad néier.
Matzen am Spionage-Verdacht vun der chinesescher Firma ass dës Nouvelle net grad onopfälleg. Dësen neie Site soll d'Plattform vun der technologescher Sécherheet fir Huawei um ale Kontinent ginn. Den Zentrum soll d'Servicer vun der Firma, mat deene vun der europäescher Kommissioun verbannen, awer och mat europäeschen Experten an Handysoperateuren.
Dës nei Institutioun gëtt integral mat eege Fonge finanzéiert a gebaut, et goufen an dësem Kader keng ëffentlech oder europäesch Subsiden ugefrot. D'Sécherheet soll hei debattéiert, entwéckelt a verstäerkt ginn, awer net nëmmen: déi nei Generatioun vum mobillen Internet gëtt scho vun de Chinese gemeeschtert, an Europa si mer nach liicht hannendran, eng gutt Geleeënheet, fir den europäesche 5G-Marché direkt beaflossen ze kënnen.
Huawei gëtt awer verdächtegt, déi chinesesch Autoritéiten do spionéieren ze loossen, wou d'Firma sech néiergelooss huet a seng Apparater oder Servicer verkeeft. Dës Rumeuren hu wéinst den USA ugefaangen, déi elo Drock op Europa maachen, fir d'Chinesen net an de Marché eranzeloossen. Verschidde Länner wéi Australien hu schonn hiren Handysoperateure verbueden, Huawei-Material ze benotzen. Hei gëtt gefaart, dass eng massiv Spionage-Aktioun vu Peking gestart gëtt.
Huawei huet doropshi proposéiert, dass all d'Apparater, déi se verkafe wëllen, vun europäesche Cybersécherheet-Spezialiste getest a kontrolléiert ginn. Hautdesdaags gëtt et kee Grond, fir d'Chinesen net an Europa eranzeloossen, verschidde Länner an der Unioun sinn esouguer ganz staark un hirer 5G-Technologie intresséiert, e Beräich, wou europäesch Operateuren dacks fir hire Retard kritiséiert ginn.