User solle méi Privatsphär kréien

© AFP
Domat reagéiert de Mark Zuckerberg op massiv Kritik aus de leschte Méint, mat där sech Facebook confrontéiert gesinn huet.
Bei Facebook soll et an Zukunft méi Privatsphär ginn, dat versprécht op d'mannst emol de Chef vum amerikanesche Konzern Mark Zuckerberg.
User hate gefuerdert, d'Online-Netzwierk méi staark op d'Protektioun vun der Privatsphäre auszeriichten. Facebook war virun allem no de Revelatiounen am Dateskandal vu Cambridge Analytica schaarf fir den Ëmgang mat Donnéeë vu User kritiséiert ginn. Des Annonce vum Mark Zuckerberg bedeit ee kategorescht Ëmdenken am Verglach mat senger Astellung vu viru Joren.
Deemools sot de Chef vu Facebook nach, dass den Trend do wier, dass d'Leit ëmmer méi iwwert sech géifen ëffentlech maachen. Genee Detailer huet de Marc Zuckerberg awer nach keng genannt. Hie sot just, dass d'Kommunikatioun sech an Zukunft op confidentiel verschlësselt Daten verlagert, wou sech d'Leit kéinten drop verloossen, dass dat, wat si sech ënnertenee matdeelen, sécher bleift. Un dëser Zukunft wéilt Facebook matschaffen. Aktuell ass Facebook nach drop ugewisen, dass méiglechst vill iwwert d'Intressien, d'Meenungen, d'Pläng an d'Liewensëmstänn vun senger User ze wëssen, fir sou geziilt Reklammen ze maachen.