RTL war am CHL, fir emol ze kucken, wéi esou eng Operatioun mat Roboteren ofleeft.

Operatioune mat Hëllef vu Robotere si Realitéit. Schonn an de fréien 90er Jore sinn déi éischt Roboter am OP agesat ginn. Natierlech hunn déi am Laf vun der Zäit enorm evoluéiert. D'läscht Joer si méi wéi 1 Millioun Operatioune mat Hëllef vu Roboteren duerchgefouert ginn. Och hei am Land sëtze Spideeler verstäerkt op de Roboter am OP. D'Fabienne Zwally war fir eis an den CHL kucken, wéi esou eng Operatioun ofleeft.

Ganz eleng operéiert de Roboter awer net. De Chirurg ass wuel am Raum – mä hie sëtzt e puer Meter vum Patient ewech bei enger Konsol, mat där de Chirurg de Roboter steiert. Obwuel den Dr. Santiago Azagra net méi nieft dem Patient steet, wier hien nach ni esou no un sengem Patient dru gewiergt. Et huet een eng 3D-Vue am Bauch vum Patient an et kéint ee vill méi präzis schaffen.

Wéi leeft esou eng Operatioun of? Et gi 4 kleng Schnëtt an de Bauch gemaach, wou dem Roboter seng 4 Äerm placéiert ginn. De Roboter ass d'verlängert Äerm an Ae vum Dokter.

Et ass déi perfekten Zesummenaarbecht vu Mënsch an Technik. Angscht, dass d'Roboter d'Aarbecht vum Chirurg géingen iwwerhuelen hätt den Dr. Santiago Azagra net. Et wier fir hien en Outil, mat deem hien all Dag schafft an him d’Aarbecht méi komfortabel mëscht.

Patienten, déi mat esou enger Operatioun konfrontéiert ginn, hätten am Ufank dacks e falscht Bild. Am Ufank géinge vill Leit mengen, dass de Roboter eleng un hinne géing operéieren, mä deem ass net sou. Ouni den Dokter géing de Roboter guer net funktionéieren. D’Sécherheet vum Patient ass héchste Prioritéit. Soubal de Chirurg seng Aen net méi op de Bildschierm fixéiert huet, hält de Roboter op mat schaffen.

D'Virdeeler fir de Patient wieren, dass Operatioune mam Roboter wéineg invasiv sinn. Also manner an den Organismus vum Mënsch agräifen an de Patient sech doduercher méi schnell erhuele kann.

E sécheren Oflaf ass och ginn duerch eng gutt Zesummenaarbecht vun den Dokteren an den Infirmièren. An Ekippe vun 3 ginn si forméiert, fir mam Roboter kënnen ze schaffen.

D'Formatioune wieren e wichtegen Atout fir e Spidol. Dofir ass am OP eng zweet Konsol, wou en anere Chirurg ka mat kucken a mat schaffen. Dat géing och den héijen Uschafungspräis vun 2,2 Milliounen Euro rechtfäerdegen, seet Dr. Martine Goergen, déi selwer mam Roboter operéiert. Ëmmer méi jonk Medeziner erwaarde vum Spidol, dass si en Roboter hunn, mat deem si kenne léieren ze operéieren, well dat wier Zukunft. An sou ass et fir e Spidol wichteg attraktiv fir nei Dokteren ze bleiwen.

An deenen nächste Méint sollen hei am Spidol nach 3 weider Chirurge forméiert ginn, fir mam Roboter kënnen z'operéieren. Virun allem an de Beräicher vun der Urologie, der Gynekologie, der Pediatrie an der Gastroenterologie solle Roboter verstäerkt an den Asaz kommen.