Een Algorithmus ass also elo am selwechte Katalog wéi Madonna oder Coldplay ze fannen ...

Onméiglech fir d'Fans, e Selfie mat hirem Star ze knipsen: De Kënschtler ass hei ganz einfach eng Maschinn, déi d'Téin gerechent huet.

"Endel", dat ass den Numm, dee fir dëse Projet gewielt gouf. Eng Berliner Start-up huet dës kënschtlech Intelligenz zanter e puer Méint entwéckelt an dësen informatesche Programm gouf viru Kuerzem bei der amerikanescher Plackefirma Warner ënnerschriwwen.

De Stil vun der "Musek", deen hei proposéiert gëtt, soll relaxéieren an d'Produktivitéit stimuléieren, esou de Communiqué vun der Firma. Endel gëtt et schonn zanter engem Joer als App a kann, jee no Kritäre wéi Lokalisatioun, Zäit, Meteo, Vitess vun der Beweegung an esouguer Häerzrhythmus, eng personaliséiert Audio-Stëmmung live produzéieren. Hei schaffe Kënschtler direkt mat Designer an Ingenieuren zesummen, fir gemeinsam dat beschtméiglecht Resultat ze kréien.

Mat als Partner Amazon an hirem Stëmm-Assistent Alexa wëll déi jonk Berliner Start-up dem Nolauschterer hëllefen, mat dëser spezieller App méi séier op déi gewënschte Stëmmung ze kommen. Ob ee grad relaxéiere wëll, schaffe muss oder am Gaangen ass ze fueren, d'Maschinn passt sech un a kreéiert genee déi Téin, déi am beschten zu deem Moment passen - oder passe kéinten ...

Warner gesäit hei de finanzielle Potenzial vun der neier Generatioun vu Musek-Therapie an huet um Kontrakt d'Produktioun vun Albume stoen, déi am Viraus mat dëser Technologie opgeholl goufen. Dës Musek kann een iwwer déi traditionell Plattforme fannen.

Den éischte Release vun dësem "Kënschtler" gouf schonn op Apple Music publizéiert, 5 Albumen, déi fir de Schlof komponéiert goufen. Hir Nimm soe scho vill aus iwwer dat, wat hei ugebuede gëtt: Clear Night, Rainy Night, Cloudy Afternoon, Cloudy Night an Foggy Morning.

Et kéint bal dem Enya säin technologescht a musikalescht Kand sinn ... ouni Beat an ouni Gesang, mä dat misst just nach eng Fro vun der Zäit sinn.