Xiaomi & Samsung wëllen hir potentiell nei Cliente mat Hëllef vun neie Videoe berouegen a virwëtzeg maachen.

Ufank Mee soll de Galaxy Fold a verschidde Länner an Europa erauskommen, mä Samsung huet net gewaart, fir iwwer dës nei Generatioun vu Smartphone/Tablett ze kommunizéieren.

An engem Video, deen dës Woch publizéiert gouf, wëll déi koreanesch Mark ganz kloer weisen, dass den neien Apparat ultra resistent ass. Eng Maschinn soll de flexibele Smartphone 200.000 Mol gediebelt hunn. Wat ongeféier gläich ass mat engem normale Gebrauch vu 5 Joer ass, esou Samsung.

Een normale Proprietär wäert dës Beweegung 100 Mol den Dag maachen. Den Test huet eng ganz Woch laang gedauert.

De Video gouf eng Woch no engem Bad Buzz, dee behaapt hat, dass den Ecran no enger Zäit do beschiedegt wier, wou een e kann diebelen, publizéiert. A 35 Sekonnen huet Samsung bewisen, dass hiren "Infinity Flex" méi staark ass wéi verschidde Leit mengen. Eng kleng Fal kéint wéi beim Huawei Mate X entstoen, awer näischt wat d'Experienz vum User sollt stéieren, esou nach de Constructeur.

De Galaxy Fold misst also an Europa am Mee fir e bësse méi wéi 2.000 Euro disponibel sinn.

Kee Präis allerdéngs fir de flexibele Smartphone vu Xiaomi an och kee geneeë Release-Datum, dofir awer e ganz kuerze beandrockende Video.

Hei gëtt d'Manipulatioun an d'Reaktivitéit vum neie Modell gewisen, e séiert Resultat. fir de Public nach bëssen an Otem ze halen, ier dësen neien Apparat op de Maart kënnt.

D'Course gëtt intressant mam Huawei Mate X, dee Mëtt 2019 kéint an d'Vente goen. De Präis läit hei bei 2.299 Euro. Deier Apparater, déi natierlech een héije qualitativen Niveau sollen erreechen, fir iwwerhaapt bei de Leit ukommen ze kënnen.