Eng nei Generatioun an eng nei Dimensioun fir d'Alexa mam "Echo Show" a sengem Bildschierm plus héichwäertege Lautsprecher.

Den "Echo Show" ass u sech net nei, vue dass en d'lescht Joer schonn an den USA erauskomm ass. An Europa fänkt dem Apparat säi Verkaf elo un. Et geet hei ëm eng méi entwéckelt Versioun vun der intelligenter Box vun Amazon, mat engem 25 Zentimeter Bildschierm an engem Lautsprecher mat generéisem Bass an Dolby-Toun, fir Musek ze lauschteren oder Hörbicher ze streamen.

Een Ecran ass hei wichteg, fir u méi Informatiounen ze kommen. An et ass och d'Méiglechkeet fir Amazon, sech an de Smartphone- an Tablett-Marché eranzeschläichen. Wann een hei nom Wieder freet, kritt ee genee Temperature mat Grafike gewisen. Wann ee Musek lauschtere wëll, kritt een och de Video-Clip iwwer d'Vevo-Plattform ugewisen. Et kann een och iwwer dëse neien Objet Tëlee kucken, e Rezept Schratt fir Schratt an der Kiche verfollegen a wann d'Hänn ze knaschteg sinn, kann een dat Ganzt och mat der Stëmm steieren. Amazon proposéiert iwwer 1.000 Applikatiounen (Skills) fir de System.

RTL

© amazon

Natierlech gëtt hei Privatsphär nees ganz grouss geschriwwen, well och eng Kamera um Apparat ze fannen ass. Fir vun Echo zu Echo Videokonferenzen ze benotzen oder ganz einfach mat Skype, e Knäppchen erméiglecht Video- an Audioopnamen ze stoppen.

Dës Apparater lauschtere permanent a waarden op e Befeel, mä huelen ni eppes op, bis dass dat magescht Wuert gesot gëtt. Duerno ginn d'Ufroen op de Cloud geschéckt, fir verschafft ze ginn, hei gi keng Informatiounen un aner Firme geschéckt, d'Donnéeë ginn alleguer anonym behandelt, nodeem se verschlësselt goufen.

Et weess een awer, dass verschidden Informatiounen intern verschafft ginn, fir de System ze verbesseren a fir iergendwann cibléiert Publicitéit ze proposéieren.

An Europa läit de Präis vum "Echo Show" tëscht 200 an 230 Euro.