Apple produzéiert awer kee Chargeur ouni Kabel

© afp
Déi Responsabel schwätzen hei vun der "Onméiglechkeet", een Apparat ze entwéckelen, deen dem Qualitéitsstandard vun der Firma entsprécht.
E Freideg huet Apple matgedeelt, dass se e Produit géifen opginn, wat bis elo an der Geschicht vun der kalifornescher Firma nach net esou dacks virkomm ass.
De kabellose Chargeur mam Numm "AirPower", deen zanter 2017 versprach war, gëtt schlussendlech net vermaart. Déi Responsabel schwätzen hei vun der "Onméiglechkeet", een Apparat ze entwéckelen, deen der Qualitéit vun der Firma entsprécht.
Virun 2 Joer gouf den "AirPower" gläichzäiteg mam iPhone X am Kader vum 10. Anniversaire vum Smartphone presentéiert. Et sollt e klengen Tapis ginn, mat deem ee simultan een iPhone, eng AppleWatch oder AirPods opluede konnt. Dat Ganzt ouni Kabel.
Awer "no ganz vill Aarbecht si mer zur Conclusioun komm, dass den AirPower net déi héich Qualitéit erreeche géif, déi mer eis festgesat hunn. Dohier gouf de ganze Projet annuléiert" esou den Dan Riccio, ee vun de Responsabelen am Dossier.
Den Dan Riccio wëll sech bei de Clienten entschëllegen, déi op de Produit gewaart hunn, a verséchert, dass Apple un eng kabellos Zukunft gleeft an dass se an déi Richtung weiderschaffe wäerten.
Um Site vun Apple ginn am Moment Chargeuren ouni Kabel vun anere Marke verkaf. Eng reegelrecht Annulatioun vun engem Produit geschitt seele bei Apple, aner Projeten wéi AirPods oder déi connectéiert Box HomePod hate vill Verspéidung kritt, goufen awer bis zum Schluss entwéckelt a lancéiert.