Wéi all Joer mécht Google bei der weltwäiter Traditioun vum éischten Abrëll mat, a proposéiert witzeg Divertissementer op senge Plattformen.

Dëst Joer proposéiert den Internet-Gigant d'Méiglechkeet, nees dat beschtbekannt Spill "Snake" an der Google Maps-App ze erliewen. Dat Spill wat deemools (bal) all Mënsch op Nokia-Handyen gespillt hat krut eng "nei" oldschool Versioun vu Google mat ville Pixelen ugepasst.

D'Resultat ass wéi erwaart: Et kann een nees ganz vill Zäit mat de 4 Tasten riets, lénks, no uewen an no ënne verbréngen. Net onbedéngt super-produktiv um Büro, awer et ass scho schéin ze gesinn, dass een nach ëmmer d'Schlaang kontrolléiere kann, ouni an de Bord vum Spill oder a sech selwer ze rennen. Allerdéngs gëtt et hei keng Schlaang méi, mä verschidden Transportmëttelen, déi fir all Kaart wiesselen.

Et huet een de Choix tëscht verschidden Destinatiounen: Kairo, São Paulo, London, Sydney, San Francisco, Tokyo oder ganz einfach déi ganz Welt. Dofir soll ee ganz einfach d'App opmaachen (iOS oder Android) an do an de Menü goen. Et fënnt een ausnamsweis d'Optioun "Play Snake". Déi bleift iwwregens eng ganz Woch laang aktiv.

RTL

© google maps

Et kann een och dës Versioun vu "Snake" iwwer den normale Browser um Computer fannen.

D'Zil ass, esouvill Passagéier wéi méiglech matzehuelen, heiansdo och bis op verschidde Plazen ze kommen, fir esou ganz vill Punkten ze sammelen. Esou einfach, esou schlicht an awer esou schéin.