Volkswagen an Amazon schaffen zesummen un der Cloud

© afp
Eng strategesch Allianz fir een industrielle System, deen déi weltwäit Aarbecht vum Autosconstructeur vereinfache soll.
Den amerikaneschen Informatik-Ris verkeeft net just Produiten op senger Internet-Säit, mä proposéiert och Servicer um Netz, fir grouss Entreprisen um ganze Planéit. Dës Woch gouf och de Kontrakt tëscht AWS (Amazon Web Services) an der däitscher Autosmark Volkswagen ënnerschriwwen, fir en Netzwierk-Service ze bauen, deen déi 122 Autosfabrécken uechter d'Welt soll vernetzen.
Lagerhalen, Agendaen, Maschinnen, Produktioun, Bestellungen an aner wichteg Informatioune ginn alleguer am "Cloud" zentraliséiert an nees global un all eenzelen Punkt weidergeleet. Bis elo sinn déi informatesch Infrastrukture vun de Fabrécken alleguer aneschters.
Mam "Volkswagen Industrial Cloud" soll et bei VW an Zukunft op eng Manéier lafen, esou kënne se iwwerall op der Welt hire Produktiounsprozess optimiséieren an hir Produktivitéit erhéijen. D'Zil ass an deem Kontext, dass d'Cloud, déi vun AWS gebaut gouf, déi ganz Produktiouns-Chaîne steiert, bis zum Fournisseur.
Volkswagen ass zanter dem Dieselgate an der ganz deierer Transitioun a Richtung gréng an nei Mobilitéit engagéiert. Aus deem Grond musse Produktivitéit an Effikassitéit ëmmer méi gefuerdert ginn. De Schluss vum Diesel, den Trend vum Elektro-Auto an de Car-Sharing sinn hei déi wichtegst Punkte vum Wiessel bei VW, de gréissten Autosproduzent vun der Welt.
Mat engem Ëmsaz vun 230 Milliarden Euro lescht Joer, wëll déi däitsch Firma bis zu 5.000 Leit op der ganzer Welt entloosse fir d'Margen nees an d'Luucht ze dreiwen. Hautdesdaags schaffe ronn 665.000 Leit fir VW um ganze Planéit. D'Produktioun soll global mat dësem neie System bis zu 2025 ëm 30 Prozent an d'Luucht goen, de chinesesche Maart net mat agerechent.
D'Cloud, ee Serveur, deen net am gläiche Gebai steet, awer meeschtens iwwer den Internet verbonnen ass, an esou bëssen un eng Wollek erënnert, déi iwwer dem Kapp ass, gëtt ëmmer méi vu Firme benotzt, déi net genuch Plaz an Infrastruktur an hirem Gebai hunn. AWS, déi Firma, déi sech an deem System-Beräich spezialiséiert huet, stellt bei Amazon de gréisste finanzielle Revenu duer.