Eng nei Manéier, op der Plattform bezuelen ze kënnen, fir esou onofhängeg vun aneren, méi konventionelle Systemer ze ginn ...

Kommerziell Transaktioune sollen, am beschte Fall, ouni Stéierung iwwer d'Bühn goen, an dat esouwuel op der Säit vum Verkeefer wéi vum Keefer. Dofir huet elo de gréisste soziale Reseau op der Welt e Projet, fir seng eege Krypto-Wärung unzebidden.

Aktuell schaffe Fuerscher a finanziell Responsabel un enger digitaler Wärung, déi op der Blockchain-Technologie baséiert. Am Summer kéint dëse Konzept lancéiert ginn, deen all Plattform vum Reseau géif betreffen: Instagram, Messenger, WhatsApp an natierlech Facebook selwer. Esou kéint een op eng einfach Manéier, Produiten oder Servicer bezuelen.

A Frankräich huet zum Beispill d'Netzwierk grad e Partenariat mat der SNCF ënnerschriwwen. Vläicht kann een an Zukunft en Zuchbilljee fir op Paräis iwwer Messenger bestellen a bezuelen. Ouni Kreditkaart. Alles ass méiglech, an awer denkt een hei u verschidde Problemer, virun allem d'Sécherheet.

Facebook war net grad de Musterschüler an deem Beräich a leschter Zäit. An och wann deen Deel verstäerkt géif ginn, kéint eng gewësse Parallel-Finanzwelt entstoen, mat deselwechte Problemer wéi an der richteger Welt - wéi Geldwäschen oder illegalen Trafic. An engem "Universum", wou 2,3 Milliarde Leit "liewen", géif et déi éischt Krypto-Wärung vun der Welt ginn, déi d'Muecht vun dëser Plattform verstäerke géif, eventuell och géint richteg Staaten.

Eng intressant, net grad ongeféierlech Iddi vum soziale Reseau an enger Zäit, wou d'Leit sech ëmmer méi Gedanken ëm hiren Internet-Verbrauch maachen a gläichzäiteg awer och, wou déi virtuell Wirtschaft ëmmer méi wiisst. Geschwë ginn et nieft Euroen, Bitcoins oder Dollaren och da wuel "Facebook Coins" oder "Facecoins" ...