Bedreiwer vun Internetplattforme riskéiere Prisongsstrofen, wann extremistesch Inhalter net geläscht ginn.

D'Parlament huet  mat grousser Majoritéit eng Gesetzpropositioun vun der Regierung ugeholl, deemno Bedreiwer vu sozialer Netzwierker souguer an de Prisong kënne kommen oder mat Geldstrofe musse rechnen, wa si extremistesch Contenuen net läschen.

Trotz Retizenzen huet och d'Oppositioun fir d'Gesetz gestëmmt. An Zukunft riskéieren Plattformen wéi Facebook a YouTube bei Verstéiss géint déi nei Reegelen Geldstrofen an Héicht vun e puer Milliarden Dollar oder 10 Prozent vun hirem weltwäite Joresëmsaz. Déi Responsabel vun de Konzerner kënne bis zu 3 Joer Prisong kréien.