Weltwäit goufen 175 Länner evaluéiert, an Europa steet Lëtzebuerg op der 7. Positioun vu 46 Länner am Kampf géint d'Cyberkriminalitéit.

Déi International Telecommunication Union (ITU) mat Sëtz zu Genf, huet dës Woch de weltwäiten Indice fir Cybersécherheet fir 2018 publizéiert. Dës Zuel ass déi meescht benotzte Referenz, am internationalen ëffentleche Liewen fir d'Evaluatioun vum Engagement vun den UNO-Memberstaaten ze erstellen.

D'ITU ass déi spezialiséiert UNO-Agence fir d'Technologien vun der Informatioun an der Kommunikatioun.

An deem Klassement steet Lëtzebuerg op der 11. Positioun vun 175 Länner déi bei der Evaluatioun deelgeholl hunn. An Europa steet eist Land op der 7. Positioun an enger Lëscht vu 46 Länner. Eng ganz positiv Entwécklung par Rapport zum Joer virdrun, do stoung de Grand-Duché op der 36. Plaz an der Weltranglëscht an op der 20. Positioun um europäesche Niveau.

Hei gouf vum Xavier Bettel, Kommunikatioun- a Medieminister, eng ganz performant Zesummenaarbecht tëscht ëffentlechen Déngschter an dem private Secteur ënnerstrach.

An der Evaluatioun gi spezifesch Schutz-Systemer, Moossnamen, Organisatioun awer och de legalen an technesche Kader analyséiert. Wéi gutt déi verschidde Länner ënnertenee kooperéieren a kommunizéieren ass e wichtegen Deel vum Indice.

Zu Lëtzebuerg goufe verschidde Léisunge gelueft, fir d'Cybersécherheet ze verstäerken, an dengen als Beispill fir aner Länner.

D'MISP-Plattform (Malware Information Sharing Platform) gëtt weltwäit agesat, d'Recherche bei der Uni am Kader vum SnT (Security & Trust) gëtt reegelméisseg international unerkannt. D'Sensibiliséierung vun de Jonker duerch de Site an d'Hotline vu BEE-SECURE gëllt als Virbild fir ganz vill aner Länner an Europa.