Snapchat proposéiert elo och Spiller a Storyen op Tinder
Fir sech nei ze erfannen, probéiert Snapchat méi wéi nëmmen eng "Message-App" ze sinn.
D'App huet verschidde Neiegkeeten zu Santa Monica am Kader vun hirem Partner Summit 2019 ugekënnegt.
Zum Beispill kann ee sech iwwer Tinder, den éischte Partner vu Snapchat, Storye vun engem anere User ukucken. Aner Appe missten no a no kommen.
D'Plattform huet och nei Filteren annoncéiert, déi mat erhéichter Realitéit funktionéieren. Hei ginn de Kierper, d'Hänn awer och verschidde Monumenter erkannt, fir esou den Eiffeltuerm dekoréieren ze kënnen. Aner Produite goufen och virgestallt, wéi zum Beispill original Video-Contenuen, déi nëmmen op der Discover-Plattform ze fanne sinn.
Duerch Partenariater mat anere Plattforme wiesselt ee vun den Haaptelementer vum Snap-System: déi kuerz Videoen oder Fotoen ware bis elo nëmmen bei hinnen ze gesinn, ier se automatesch "zerstéiert" goufen. Elo kann een zum Beispill op Tinder Storye vun enger Persoun kucken, déi een intressant fënnt.
Déi Annonce, déi am intressantsten ass, ass déi vun de Spiller. Alles exklusiv nëmme bei Snapchat ze fannen, dës Spiller si geduecht, fir Leit mateneen ze verbannen. Am Kader vun engem Spill-Gespréich kann ee mat anere Leit schwätzen a gläichzäiteg spillen. Den éischte Numm, dee presentéiert gouf, ass "Bitmoji Party", e Spill wat ganz staark u Mario Party erënnert. D'Konzept gouf vum Studio Prettygreat entwéckelt, eng Firma, déi virun e puer Méint vu Snapchat opkaf gouf, a Spiller wéi Fruit Ninja produzéiert hat.
Mat dësen Neiegkeete wëll Snapchat déi App sinn, déi d'Leit dobaussen automatesch fir Fotoe benotzen. Och wann hire Succès vun Instagram däitlech iwwerholl ginn ass, ka Snapchat ëmmerhin nach op méi wéi 300 Millioune Leit zielen, déi all Mount aktiv sinn. Ronn 3 Milliarde Snaps (Foto+Video) ginn all Dag produzéiert.